Entdecken, Upaken a Staunen – Eng onvergiesslech Natur- an Handwierkserfahrung fir Är Klass!
An der Natur zu Munzen begeeschtert den Naturzentrum Robbesscheier Schoulklassen mat enger lieweger Entdeckungsrees. Bei eis gëtt Léieren zu engem engem Erliefnis: D’Kanner dauchen hautno an déi faszinéierend Welt vum traditionelle Landliewen a vum Naturschutz an.
Eis Offer ëmfaasst follgend Atelieren: Kutschenfahrt mat dem Ardenner Aarbechtspäerd, Déieren fidderen & Pfleeg vun den Aarbechtspäerd, Gaart- an Beienatelier, Bakstuff Woll-, Käerzen- a Keramikatelier, Seeërei a Schmëdd, Ieselreiden & Déierenolympiad… a villméi.
Bei eis stinn d’Kanner net just niewendrun – si packe selwer un! Ob beim Séien am Gaart, beim Forme vum Broutdeeg oder an interaktive Froeronnen: Bei eis ginn d’Schülerinnen a Schüler virwëtzeg an eis Ateliere suerge fir richteg Aha-Momenter, déi nohalteg an Erënnerung bleiwen.
www.robbesscheier.lu
Pädagogesch Ziler:
- Natur & Ökologie: Praxisnoot Begräife vu Liewenszyklen an Déierebedierfnesser (z. Beienatelier, Gaart, Déiere vum Bauerenhaff).
- Geschicht & Wandel: Gräifbaart Erliewe vu ländlechen Handwierker vu fréier (Schmëdd, Bäckerei, Sägewierk).
- Sozial Kompetenzen: Stäerkung vu Teamgeescht, Motorik a Vertrauen duerch kooperativ Spiller ouni Concours-Drock (z. B. Déierenolympiad).
- Handwierk & Gestalten: Kognitiv a motoresch Fërderung duerch d’Aarbechte mat Naturmaterialien (Woll, Wues Toun, Holz).
- Gesondheet & Ëmwelt: Vermëttlung vu Bewosstsinn fir nohalteg Ernärung, Geschmaach an Ëmweltschutz.