Hallo Handwierk – Thematesch Wochen iwwert d’Handwierksberuffer

Hallo Handwierk erméiglecht de Kanner, Handwierksberuffer a Karriärperspektiven am Handwierk ze entdecken.

‘Hallo Handwierk’ ass déi éischt thematesch Woch iwwer Handwierk, entwéckelt fir d’Primärschoul vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mat SCRIPT an der Maison de l’Orientation. De Projet vun der Entwécklung  vun transversalen Aarbechtsblieder fir de Cycle 4.1 gëtt ergänzt duerch eng praktesch Aktivitéit, geleet vun engem Handwierker, deen d’Klass besicht an domat d’Interesse vun de Kanner un den handwierkleche Fäegkeeten erwächt.

5 thematesch Wochen an 12 praktesch Atelieren iwwert Handwierksberuffer, stinn zur Verfügung a kënnen vun de Klassen am Cycle 4.1 gebucht ginn.

You(th) Start Challenges

You(th) Start Challenges si kleng a gréisser entrepreneurial Erausfuerderungen an e wichtegt Element am Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un de Challengë gëtt den entrepreneurial mindset an den nohaltegen a soziale Gedanke gestäerkt an d’Kooperatioun tëscht deene Jonke gefuerdert.

D’Challengë sinn Aktivitéiten, déi den Enseignanten zur Verfügung stinn, fir se direkt am Cours ëmzesetzen.

Fir all Alterstranche si Challengen dobäi:

  • A2 = 10-14 Joer (7ième – 6ième/ division inférieure)
  • B1-B2 = ab 15 Joer (5ième – 1ère/ division supérieure)

Duerch verschidden Aufgabe gëtt d‘Eegeninitiativ, d’Motivatioun, d’Innovatiounsfäegkeet  an d’Selbstvertraue gestäerkt an Theeme wéi Nohaltegkeet an d’Implicatioun an der Gesellschaft ofgedeckt.

D’Challengë sinn a 6 verschiddene Sproochen accessibel a kënnen ënnert www.youthstart.eu erofgeluede ginn.