Juvenes Translatores 2026-2027

EU-WÄITE IWWERSETZUNGSCONCOURS FIR SCHÜLER:INNEN

Léif Léierinnen a Léierer,

den Iwwersetzungsconcours Juvenes Translatores feiert dëst Joer säi Jubiläum: De 26. November 2026 kréien 17-järeg Schülerinnen a Schüler schonn zum 20. Mol d’Geleeënheet, hiert Sproochtalent ënner Beweis ze stellen.

Registréiert Är Schoul tëscht dem 1. September an dem 12. Oktober a gitt Äre Schüler:innen d’Méiglechkeet, un eisem beléifte Concours deelzehuelen. Ze gewanne gëtt et eng Rees op Bréissel, wou de Gewënner oder d’Gewënnerin aus éischter Hand erliewe kann, wat et heescht, fir d’EU ze iwwersetzen.

All Joer iwwersetzen nees ronn 3.000 Schüler:innen an der ganzer EU en Text vun enger Säit an eng vun den 24 Amtssprooche vun der EU.

Zil vum Concours ass et, d’Léiere vu Sproochen an d’Iwwersetzen ze fërderen an e jonkt Sproochtalent ze inspiréieren. Well am Sproochenunterrecht léiere jonk Leit Kompetenzen, déi fir Mobilitéit, Zesummenaarbecht a Verständnes iwwer d’Grenze vun de Länner eraus onëmgänglech sinn.

D’Quelltexter vun dësem Joer sinn dem Programm Erasmus+ gewidmet, deen zanter 40 Joer Verbindungen hierstellt an d’Liewe beräichert.

D’Iwwersetzerinnen an Iwwersetzer vun der Europäescher Kommissioun bewäerten d’Iwwersetzunge vun Äre Schüler:innen a wielen eng:n Gewënner:in fir all EU-Land aus. Déi 27 Gewënner:innen ginn d’nächst Fréijoer a Begleedung vun enger Léierkraaft a bis zu zwee Elteren op d’Präisiwwerreechung am Sëtz vun der Europäescher Kommissioun zu Bréissel invitéiert.

Schüler:innen, déi zwar net gewonnen hunn, deenen hir Iwwersetzungen awer och ganz gutt waren, kréien eng „besonnesch Ernimmung“ (special mention). Am Fréijoer 2027 ginn si op Online-Tutoriale mat Studéierender invitéiert, déi um European Master’s in Translation deelhuelen. Dobäi kréie si d’Geleeënheet, méi iwwer Sproochen- an Iwwersetzungsstudien an déi domat verbonne Beruffsperspektiven ze léieren.

Ech wëll Iech häerzlech dozou alueden, Äre Schüler:innen d’Chance ze ginn, un dësem EU-weete Concours deelzehuelen. Weider Informatioune fannt Dir um Informatiounsblat am E-Mail-Uschlëss.

De Concours ass ganz beléift, soudatt leider net all interesséiert Schoulen deelhuele kënnen. Sollt Är Schoul net ausgewielt ginn, kritt Dir vun eis eng alternativ Offer am Kader vum Juvenes Translatores. Weider Informatioune kritt Dir per E-Mail, wann Dir Iech fir de Concours registréiert.

Wann Dir méi iwwer d’Iwwersetzung an d’Multilingualismus an der Europäescher Kommissioun gewuer gi wëllt, besicht w.e.g. eis Websäit a suivéiert eis op de soziale Medien.

Freisprechanlag

Vivre les langues de manière ludique

Dans la nouvelle activité « Freisprechanlage », les jeunes sont invité·e·s à (re)découvrir et à explorer leurs langues de manière créative et valorisante. Grâce à des jeux dynamiques autour des langues, chacun·e est encouragé·e à s’exprimer — à son rythme et dans un cadre bienveillant. Cet atelier a pour objectif de renforcer la confiance en soi et d’amener les participant·e·s à prendre conscience de leurs compétences linguistiques, afin à apprendre à les apprécier.

Sans viser la perfection, l’atelier met l’accent sur la communication, le courage d’essayer et les expériences déjà vécues par rapport aux langues, ainsi que les opinions des jeunes à ce sujet.

Escape Game : Enquêter et sauver un festival en danger

L’escape game « Festival en danger » plonge les participant·e·s dans une enquête immersive au cœur d’un festival de musique bilingue. Suite à l’effondrement mystérieux de la star principale, les jeunes doivent collaborer pour résoudre une série d’énigmes en français et en allemand. Communication, entraide et réflexion collective sont essentielles pour avancer et sauver l’événement dans le temps imparti. Facile à mettre en place en classe ou en groupe, cette activité ludique favorise l’apprentissage des langues dans un contexte motivant et concret, tout en stimulant la dynamique de groupe.