Virliesconcours

De Virliesconcours riicht sech u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4. Et geet drëm, datt d’Kanner en Extrait aus engem Kanner- oder Jugendbuch virliesen. E fängt an der Klass un an hält Joer mat enger nationaler Finall op.

D’Kanner siche sech 2 Sproochen eraus, an deene si gär virliesen:

  • eng éischt Sprooch (Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch), déi d’Kand als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit;
  • eng zweet Sprooch (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch oder Englesch), an där d’Kand och gär virliest.

Englesch kann net als éischt Sprooch genannt ginn, well et net iwwerall an der Grondschoul eng Schoulsprooch ass.

An der Broschür zum Virliesconcours fënnt een de geneen Detail zum Oflaf vum Concours. Ab Enn September kann een se hei Site eroflueden.

Umeldung vun der Schoulgewënnerin oder dem Schoulgewënner duerch den Enseignant respektiv de Schoulbibliothecaire ass bis spéitstens den 5. Februar 2027 méiglech. Zousätzlech Erklärunge zur Aschreiwung fënnt een an der Brochür oder hei ënnen bei de Konditiounen.

E Réckbléck op de leschte Virliesconcours gëtt et hei.

Journées du livre et du droit d’auteur

D’Journées du livre et du droit d’auteur sinn all Joer ronderëm den internationalen Dag vum Buch, den 23. Abrëll, a stinn ënnert engem Theema.
D’Evenement riicht sech virrangeg un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Och Lycéeën kënne awer drun deelhuelen. Matmaache kann een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.
De SCRIPT proposéiert eng Bicherlëscht an d’Schoulen organiséieren Aktivitéiten ronderëm d’Theema vum lafende Joer.
Jiddwer Schoul soll d’Aktivitéiten dokumentéieren an am Mee dem SCRIPT eraschécken.
Um Enn vum Schouljoer kréien d’Schoulen, déi matmaachen e Bichermerci geschéckt.

Am Hierscht gëtt et e Réckbléck op d’Journées du livre et du droit d’auteur.

Wierder déi beweegen

 „Wierder déi beweegen“ ass e spillereschen an interaktive Liesatelier fir Kanner tëscht 8 an 12 Joer, bei deem d’Liesen net nëmmen am Kapp, mee am ganze Kierper geschitt.

D’Kanner tauchen an Geschichten an, erliewen Texter mat Beweegung, Stëmm, Rollespill an Emotioun an entwéckelen dobäi net just hir Lieskompetenz, mee och hiert Selbstvertrauen, hir Kreativitéit an hir sozial Fäegkeeten.

An dësem Atelier gëtt gelies, interpretéiert, gespillt an ausprobéiert:

–        Texter ginn erlieft an net nëmme gelies

–        Gefiller a Rolle ginn ausgedréckt duerch Beweegung a Stëmm

–        Zesummenaarbecht gëtt gestäerkt duerch kleng Gruppenaktivitéiten

–        Verstoe gëtt verdéift duerch kreativ Aufgaben a Reflexioun

D’Kanner ginn aktiv an d’Geschicht eragezunn: si stelle  Zeenen , spillen Figuren a verbannen dat wat si gelies hu mat hirem eegene Liewen.

Ziler vum Atelier

–        D’Freed un der Liesung erwächen a stäerken

–        Liesverständnis verbesseren

–        Emotional Kompetenzen (Empathie, Gefillsausdrock) entwéckelen

–        Kierperlech Ausdrocksfäegkeet a Kreativitéit fërderen

–        Selbstsécherheet am Ëmgang mat Sprooch ausbauen

Firwat matmaachen?

Dësen Atelier bitt dem Léierpersonal eng innovativ a praktesch Approche fir d’Liesen an hir Klass ze integréieren, lieweg, spilleresch an awer fuerdernd.

D’Kanner ginn net nëmme Lieserinnen a Lieser, mee Geschichtenerzieler, Acteuren an Entdecker.

 

Concours Jeune Journaliste 2026 / 2027

Concours Jeune Journaliste 2026 / 2027

Wat mir sichen:

Hutt Dir am leschte Joer eegen Aarbecht produzéiert oder plangt Dir et ze maachen? Ob et e geschriwwene Text, e Podcast oder e Video ass – weist eis, wat Dir kënnt! Eleng, zu zwee, als Grupp oder mat Ärem ganzen Redaktiounsteam (zum Beispill Ärer Klass).

Dir sidd fräi, all Format ze wielen, soulaang Dir professionell schafft:

  • Faktencheck: Baséiert Är Aarbecht op richtegen Interviews a zouverlässege Quellen.
  • Bleif cool: Bleif objektiv! Trenn faktesch Informatiounen vun denger perséinlecher Meenung.

Maacht mat an äerer Alterskategorie a gewënnt super Präisser:

  • Kategorie 1: 8–12 Joer
  • Kategorie 2: 12–26 Joer

Wéi kënnt dir matmaachen:

Schéck eis einfach deng Aschreiwung bis den 1. Mäerz un: Cjj@men.lu
Vergiess net, am Betreff ‘Concours Jeune Journaliste 2027’ unzeginn.

Loscht op en Upgrade?

Wëllt Dir nach méi déif an d’Welt vun de Medien afänken an méi dozou léieren? Da mellt Iech fir eise gratis Journalismus-Workshop un!

FIRST LEGO League Challenge – Luxembourg

Am Mëttelpunkt vun der FIRST LEGO League Challenge steet d’kollegial Konkurrenz, wou Gruppe vu maximal 8 Schülerinnen a Schüler tëschent 8 a 16 Joer sech mat Fuerschen, Problemléisen, Programmatioun an Technik beschäftegen, andeems si ee Lego-Roboter programméieren, dee Missioune vun engem Robot Game bewältege soll.

D’FIRST LEGO League verëffentlecht all Joer eng nei Challenge, déi sech op ee wëssenschaftlecht Thema baséiert. Duerch d’FIRST LEGO League Challenge kënnen d’Schülerinnen a Schüler net nëmmen hir STEAM-Fäegkeeten (science, technology, engineering, arts and mathematics) entwéckelen, mee och kritescht a logescht Denken uwenden, fir als Grupp un engem spannenden, missiounsbaséierte ‘Robot Game’ deelzehuelen. Méi Informatioune ginn et ënnert dësem Link.

D’Schülerinnen a Schüler fänken am Ufank vum Schouljoer un, um Projet ze schaffen an no enger nationaler Qualifikatioun mat uschléissend grousser Finall ginn déi éischt dräi bis fënnef lëtzebuerger Teams an d’Belsch an trieden do géint déi 20 bescht belsch Equippen un.

Den Dag vun der Competitioun besteet fir all Equipe aus zwee wesentlechen Deeler. Dat ass zum engen de ‘Robot Game’ an zum aneren d’Presentatioun vum individuellen ‘Innovation Project’.

  • Robot Game

Wärend der Virbereedungsphas an de Schoulen, déi offiziell am Oktober ugeet, muss all Equipe ee Roboter no de Virschrëfte vum Spill entspriechend designen a bauen. Uschléissend kënnen all d’Kanner hir Programméierfäegkeeten entwéckelen, wärenddeems si mat hirem Roboter um Spillfeld probéieren, déi eenzel Missiounen ze erleedegen. Um Dag vum Concours bestreit all Equipe beim ‘Robot Game’ dräi Matcher vun allkéiers zwou an enger hallwer Minutt, fir sou vill Missiounen ewéi méiglech ze meeschteren a Punkten ze erspillen.

  • Innovation Project

Beim ‘Innovation Project’ fuerschen d’Kanner zu engem Theema aus hirem Interessegebidd, formuléieren eng Fuerschungsfro, consultéiere verschidde Sourcen an Experten a bereeden eng uspriechend Präsentatioun vir, fir d’Resultater vun hirem ‘Innovation Project’ engem Jury virzestellen.

FIRST LEGO League

D’FIRST LEGO League gouf duerch eng Partnerschaft tëschent FIRST (For Inspiration and Recognition of Science and Technology) a LEGO Education am Joer 2001 gegrënnt. 3.700 Evenementer, un deenen 110 Länner a méi wéi 679.000 Participanten deelhuelen, ginn all Joer vun der FIRST LEGO League initiéiert.

Fir Lëtzebuerg organiséiert de SCRIPT a Kollaboratioun mat der Voka (Flanders’ Chamber of Commerce and Industry) aus der Belsch dës Competitioun.

Kontakt: fll@script.lu