Red flags, green flags : Bezéiungen a Konsens!

Wéi kann een eng gesond Bezéiung erkennen? Wat ass eng ‘red flag’? Wou fänken meng Grenzen un, a wéi kann ech erkennen, ob d’Grenzen vun der anerer Persoun respektéiert ginn?

Duerch konkret Situatiounen, Diskussiounen an interaktiv Aktivitéiten kënne déi Jonk iwwer romantesch a sexuell Bezéiungen nodenken, iwwer Verhalen, déi eng gesond Bezéiung fërderen, an iwwer déi, déi Suergen ausléise oder toxesch sinn. De Workshop adresséiert och Konsens, perséinlech Grenzen, Kommunikatioun, Respekt, Vertraue an d’Recht, seng Meenung ze änneren.

D’Zil ass et, jonk Leit dobäi ze hëllefen, d’Zeechen vun enger gesonder oder ongesonder Bezéiung z’identifizéieren, hir eege Grenzen besser ze verstoen, d’Grenzen vun aneren ze respektéieren an d’Kompetenzen z’entwéckelen, déi néideg sinn, fir Bezéiungen op Basis vu Respekt a Zoustëmmung opzebauen.

Let’s talk about Sex!

Sexualitéit ass e natierlechen Deel vum Liewen a stellt vill Froen, besonnesch am Jugendalter. Dëse Workshop bitt en oppenen an ënnerstëtzende Raum, fir dës Themen ze diskutéieren, Virurteeler erauszefuerderen an zouverlässeg Informatiounen iwwer Sexualitéit a Bezéiungen ze kréien.

Duerch Diskussiounen, an interaktiv Aktivitéiten kënnen jonk Leit verschidde Themen entdecken, wéi de Kierper an d’Verännerungen an der Pubertéit, Emotiounen a Bezéiungen, Attraktioun, Konsens, perséinlech Grenzen, verschidde sexuell Orientatiounen a Geschlechteridentitéiten, Verhiddung, sexuell iwwerdroen Infektiounen, Pornografie an éischt sexuell Erfarungen. Dëst Themen gi méi oder manner behandelt, je no Froen a Besoin vun der Klass!

D’Zil ass et, jonke Leit ze erméiglechen, hir Onofhängegkeet, hiert kritescht Denken an hir Fäegkeet, informéiert Entscheedungen ze treffen, z’entwéckelen, an dobäi Bezéiungen op Basis vu Respekt fir sech selwer an anerer ze fërderen.