Eisen Atelier “Mäi Kierper gehéiert mir!” soll Kanner doran bestärken op hiert Bauchgefill ze lauschteren, ze verstoen, dass et Kierpergrenzen ginn an dass se diefen Hëllef froen wann hier Grenzen net repektéiert goufen.
Den Atelier besteht aus dräi Deeler:
- Enger Virstellungsronn wou d’Kanner mat Emotiounskaarten hiert Gefill kënne matdeelen;
- Een Haaptdeel, deen doranner besteht op engem Ëmrëss vun engem Mënsch, dee mir op ee Blat molen, kënne gréng/roud Stickeren ze pechen fir Grenzen a Limiten op hierem Kierper ze visualiséieren;
- Als Ofschloss kuke mir mat de Kanner e Buch wat dat, wat mir bis dohi gekukt hunn nach eng Kéier widderhëllt an d’Kanner lues a lues bekräftegt ganz haart “Nee” ze soen.
D’Ziiler vun dësem Atelier sinn:
- Grenzen vu mengem Kierper ze erkennen an auszedrécken;
- Grenzen vun deenen aneren ze respektéieren;
- meng Gefiller ze erkennen an auszedrécken;
- meng Kierperdeeler richteg ze bennen;
- ze wëssen wat “privat” an “intim” bedeit;
- ze wëssen ween mäi private Beräich upaacken dief a wéini;
- ze wëssen bei weem ech no Hëllef froe kann, ween meng Vertrauenspersounen sinn;
- Nee soe ze kënnen.