megaLab

De Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit huet d’Freed, Iech op de megaLab 2026 ze invitéieren, deen den Donneschdeg, 12. November, an de Freideg, 13. November 2026, vun 8.30 bis 15.00 Auer am Kinepolis Kirchberg stattfënnt.

De megaLab riicht sech u Schüler a Schülerinnen aus de Lycéeën zu Lëtzebuerg a bitt e Raum fir Austausch, Experimentéieren a Reflexioun iwwer Froen zur Gläichstellung an Diversitéit, déi jonk Leit direkt betreffen.

Am Laf vun hirem Dag um megaLab duerchlafen d’Schüler a Schülerinnen e Parcours mat interaktiven a partizipative Workshops, déi si dozou invitéieren, Stereotyppen a Fro ze stellen, d’Mechanisme vun Ongläichheeten an Diskriminéierungen besser ze verstoen an zesummen iwwer konkret Handlungsméiglechkeeten nozedenken.

Fir e kohärente pedagogesche Parcours ze garantéieren, muss d’Aschreiwung obligatoresch fir e ganzen Dag gemaach ginn. Et ass also net méiglech, eng Klass nëmme fir eenzel Workshops oder eenzel Programmpunkten unzemellen.

Mir invitéieren Iech schonn elo, gratis eng oder méi Klassen aus Ärem Etablissement fir ee vun deenen zwee Deeg vum megaLab 2026 unzemellen.

Umeldung: https://www.megalab.lu/aschreiwung/

Umeldeschluss: 21. Oktober 2026

Méi Informatiounen zu den vereenzelten Workshops: https://www.megalab.lu/megalab2026/

 

D’Workshops, déi ugebuede ginn, konzentréieren sech besonnesch op:

  • Sport : Move for All? – Ein Forschungsatelier über Sport, Bewegung und Diversität (INAPS/Ministère des Sports)
  • Nei Technologien : Generativ KI an d’Verstäerke vu geschlechtleche Virurteeler (Scienteens Lab/Uni.lu)
  • Aarbecht: Wat mécht mech aus? – En interaktive Fuerschungsatelier iwwer Geschlechterstereotyppen (SCRIPT/Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse)
  • Alldag: Sexismus am Alldag: Et ass un iech ze spillen! (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research);
  • Kultur: American Teenage Cinema – D’Duerstellung vu Jugend an Gender am Horrorkino säit 1980 (ab 16 Joer) (Centre national de l’audiovisuel).