Wat kënnt, dat geet.

Dëse Projet gouf vun SCRIPT an Zesummenaarbecht mat Omega 90 entwéckelt, fir dat Tabu ronderëm d’Themen vum Liewensenn ze briechen. Dëst Thema gëtt weder an eise Schoulen nach am Alldag vun de Leit liicht geholl: Kee wëll drun denken, kee wëll driwwer schwätzen. Doud, wéi alles anescht wat mir net verstinn, léisst Ängschten opkommen, déi wuessen, wa mir net driwwer schwätzen.

D’Zil vun dësem Cours ass et, datt d’Schülerinnen a Schüler sech an engem sécheren Ëmfeld mat Theme wéi der Betreiung um Liewensenn, dem Doud an der Trauer auserneen ze setzen. D’Informatiounen droen zum Wëssen an zum Versteesdemech bäi an hëllefen d’Angscht ze reduzéieren, wärend si Solidaritéit a Matgefill fërderen.

De Projet besteet aus zwou Lektiounen, an deenen d’Schüler op eng spilleresch Manéier duerch kuerz Filmer, Spiller, Aarbechtsblieder, Rollespiller, Diskussiounen asw. un d’Thema erugefouert ginn. Si ginn encouragéiert, hir Erfarungen, Suergen an virun allem hir Froen iwwer d’Liewensenn ze deelen. No dëser Aféierung ass all Enseignant fräi, d’Thema méi déifgräifend weiderzeféieren, baséiert op den Interessi an d’Froe vun de Schülerinnen a Schüler.

Well dëst Thema eis op engem déif emotionalen Niveau beréiert, sinn d’Enseignanten net onbedéngt de Schüler iwwerleeë wat Wëssen a Fachkompetenz ugeet, mä si sinn am Prozess genee sou involvéiert wéi hir Schüler.