Theater an der Schoul ass méi wéi just Theater!
Mir spillen ee ganze Schouldag zesummen Theater. Vill verschidden Exercicer an Übunge
mat villfältegen Objektiver an Ziler, ganz spilleresch an intuitiv. Theater an der Schoul ass
nämlech méi wéi just Theater. Mir entdecken a fërdere wichteg Schlësselkompetenzen déi
mir och an anere Fächer, an iwwerhaapt och an eisem Liewen allgemeng, uwende kënnen.
• Sech trauen, sech vertrauen, deem aneren trauen a vertrauen
• Spaass zesummen hunn a sech an déi Aner respektéieren
• richteg kommunizéieren, sech positiv a kritesch austauschen, seng Meenung soen
• präsent an iwwerzeegent sinn
• virun anere schwätzen, seng Angscht akzeptéieren an Dës an de Grëff kréien
• konzentréiert sinn a seng Konzentratioun selbstänneg a responsabel steiere léieren
• aner Rollen a Charakteren ausprobéieren
• de Kierper aktivéieren a sech bewosst beweegen
• kreativ Iddien hunn, improviséieren a sech fräi fillen
• als Klass zesummewuessen, zesumme laachen
• stolz op sech sinn, seng eegen Erwaardungen iwwertreffen
• Applaus ginn a kréien
• sech weiderentwéckelen an a sengem Schoulalldag wuessen
Den Atelier inspiréiert sech un der Iddi vun engem Gesellschaftsspill wou et zousätzlech och spilleresch drëms geet Punkten ze sammelen a verschiddenen Themeberäicher vun der Theaterpedagogik. D’Klass an och d’Léierpersoun sollen um Enn nei Pisten hu fir hire Schoulalldag villsäiteg ze beräicheren.