An enger kuerzer Presentatioun léieren d’Schülerinnen an d‘Schüler d’Geschicht vum Haus a vu sengem bekannten Awunner Robert Schuman kennen.
Duerno kucken si den Dokumentarfilm „Robert Schuman – Vu Clausen bis hin zu Europa“. De Film baséiert op historesche Quellen a verfollegt säi Liewenswee: vu senger Kandheet a Jugend zu Lëtzebuerg iwwer d’Deklaratioun vum 9. Mee 1950 bis zu sengem politeschen Ierwen.
Duerno maachen d’Schülerinnen an d‘Schüler e Gediechtnesspill: Unhand vun 12 Objeten erfuerschen si wichteg Etappen am Schuman sengem Liewen.
D’Zil ass, dat Geléiert an säin historesche Kontext anzeuerdnen a sech iwwer dem Robert Schuman seng Perséinlechkeet a seng politesch Entscheedungen auszetauschen.