Yoga mécht staark – Entdeck de Superheld/d‘Superheldin an dir

De Module ‘Yoga mécht staark – Entdeckt de Superheld/d’Superheldin an dir’ gëtt ab Oktober 2026 fir all d’Zyklen ugebueden. Spillschoulsklassen am Zyklus 1 kënnen eréischt ab dem zweeten Trimester matmaachen. De Yoga-Module ass un d’Alter vun de Kanner ugepasst.
De Module ass am Plan d’Etudes am transversalen Themefeld vun der kierperlecher, mentaler a sozio-emotionaler Gesondheet (Éducation à la santé physique, mentale et socio-émotionnelle – bien-être, résilience) verankert.
Schülerinnen a Schüler léiere verschidden Techniken, déi hinnen hëllefen, op kierperlechem, mentalem, emotionalem a sozialem Niveau méi resilient ze ginn. Dës Technike kënnen natierlech och ausserhalb vun der Schoul agesat ginn. D’Ootmung spillt dobäi eng zentral Roll. Duerch verschidden Otemspiller ginn d’Kanner sech der Wichtegkeet vun hirer eegener Ootmung bewosst a léieren, wéi een de Otem geziilt asetzt.

Oflaf:

De Yoga-Module besteet aus dräi Phasen:

  1. Phase: Dräi Coursen (ee Cours pro Woch) am éischten oder zweeten Trimester, geleet vun der YES-Koordinatorin. All Cours dauert tëscht 50 a 70 Minutten, ofhängeg vum Zyklus.
  2. Phase: Autonoomt Üben an de Klassen
  3. Phase: Ee leschte Cours am drëtten Trimester, geleet vum Léierpersonal an ënnert der Opsiicht vun der YES-Koordinatorin.

De Yoga-Module setzt op Nohaltegkeet. D’Léierpersonal an d’Kanner spillen eng aktiv Roll. D’Klass erstellt e Poster mat Yoga-Übungen. An der zweeter Phase ginn d’Übungen eegestänneg an de Klassen duerchgefouert an eventuell weiderentwéckelt. Am Erklärungsvideo fënnt ee weider Infoe iwwer den Inhalt vum Yoga-Module.