Applaus Theaterspiller

Theater an der Schoul ass méi wéi just Theater!

Mir spillen ee ganze Schouldag zesummen Theater. Vill verschidden Exercicer an Übunge

mat villfältegen Objektiver an Ziler, ganz spilleresch an intuitiv. Theater an der Schoul ass

nämlech méi wéi just Theater. Mir entdecken a fërdere wichteg Schlësselkompetenzen déi

mir och an anere Fächer, an iwwerhaapt och an eisem Liewen allgemeng, uwende kënnen.

Sech trauen, sech vertrauen, deem aneren trauen a vertrauen
Spaass zesummen hunn a sech an déi Aner respektéieren
richteg kommunizéieren, sech positiv a kritesch austauschen, seng Meenung soen
präsent an iwwerzeegent sinn
virun anere schwätzen, seng Angscht akzeptéieren an Dës an de Grëff kréien
konzentréiert sinn a seng Konzentratioun selbstänneg a responsabel steiere léieren
aner Rollen a Charakteren ausprobéieren
de Kierper aktivéieren a sech bewosst beweegen
kreativ Iddien hunn, improviséieren a sech fräi fillen
als Klass zesummewuessen, zesumme laachen
stolz op sech sinn, seng eegen Erwaardungen iwwertreffen
Applaus ginn a kréien
sech weiderentwéckelen an a sengem Schoulalldag wuessen

Den Atelier inspiréiert sech un der Iddi vun engem Gesellschaftsspill wou et zousätzlech och spilleresch drëms geet Punkten ze sammelen a verschiddenen Themeberäicher vun der Theaterpedagogik. D’Klass an och d’Léierpersoun sollen um Enn nei Pisten hu fir hire Schoulalldag villsäiteg ze beräicheren.

Music Video Day – deng Klass, däi Videoclip!

Mir produzéieren an engem Dag ee Videoclip mat denger Klass. Op Basis vun engem Text an engem gewielten Thema, produzéiere mir ee Lidd oder wielen ee bestoend Lidd dat mir benotzen dierfen. Mir sangen a maachen eng Tounopnam vum Lidd déi och gefilmt gëtt. Zousätzlech iwwerleeë mir eis flott Zousazbiller, déi bei d’Geschicht a bei d’Thema passen,
a schauspille virun der Kamera. Dat Ganzt gëtt als flotten an eenzegaartege Videoclip zesummegeschnidden.

Am Bësch aktiv – Kreativitéit an der Natur

De Bësch ass net nëmmen e Raum fir Beweegung an Entdeckung, mee och eng grouss Inspiratiounsquell fir kreativ Prozesser. Mat Blieder, Äscht, Steng, Schuel, Buedem an anere Naturmaterialie gestalten d’Kanner eege Wierker, bauen, experimentéieren a setzen hir Iddien direkt an der Natur ëm.

Dobäi steet net dat „perfekt Resultat“ am Mëttelpunkt, mee de kreative Prozess: observéieren, ausprobéieren, veränneren an nei Léisunge fannen. D’Aktivitéite fërderen d’Fantasie, d’Feinmotorik, d’Wouernehmung an den eegene kreativen Ausdrock. Gläichzäiteg léieren d’Kanner d’Naturmaterialien an hir Ëmwelt bewosst a respektvoll kennen.

D’Inhalter ginn dem Alter, dem Entwécklungsstand an de Besoine vun der Klass ugepasst a kënnen individuell un d’Themen oder Projeten aus dem Schoulalldag ugeknäppt ginn.

Zilgrupp: Cycle 1–4
Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
Dauer: variabel (min. 3h) eemoleg oder méi oft
Remarque: kombinéierbar mat aneren Themen

Eisen Hiphop Song mam Nikki Ninja

Entdeckt mam Nikki Ninja an der Ekipp vun Applaus d’Welt vum Hiphop! Dem Nikki seng Welt ass kannergerecht a voller Musek, Spill a Saass ronderëm d’Sprooch. Looss iech ob e Spill mat Sprooch a Beats an a mellt är Klass un fir eis Offerte „Eisen Hiphop-Song mam Nikki Ninja“!

An interaktiven a fäerdeg préparéierte Coursen léiert dir wärend 5 Wochen an ärem Musekscours d’Nikki a seng Welt als éischt mat Hëllef vu Videoen, begleet vu Material a Spiller kennen. Mat Hëllef vun dëse Materialien erstellt dir an der Klass äre Raptext. D’Ekipp vun Applaus kennt da fir een Atelier bei iech fir zesumme mat iech ären eegene Beat ze krééieren. Dir léiert awer als éischt wat e Beat eigentlech ass a kritt Tipps an Tricks wéi äert selwer geschriwwent d’Lidd nach besser ka klengen. De groussen Ofschloss ass dann den zweeten Atelier mam Nikki Ninja perséinlech. Hei kommt dir mat ärer Klass bei d’Nikki Ninja op Besuch (An der Régioun Stad Lëtzebuerg, déi genee Plaz gëtt nach confirméiert).

Konkret besteet déi Offer aus:

  • 5 préparéierte Schoulstonnen an denen dir d’Thema Hiphop mat Hëllef vun didaktësche Material mam Nikki Ninja selwer an der Schoul behandelt. Dëst Material gëtt Iech vun Applaus zur Verfügung gestallt an hei léieren d’Kanner wat si fir déi nächst Etappe brauchen.
  • Der Eraarbechtung vun engem Songtext fir ärt Lidd. Dëst maacht dir individuell mat ärer Klass.
  • Engem Initiatiounsworkshop mat der Ekipp vun Applaus an ärer Klass. Hei leeë mir de Grondsteen fir d’Lidd mat Hëllef vun ärem Text.
  • Engem Atelier mam Nikki Ninja. An dësem Atelier schafft dir un ärem eegenen Hiphop Song an huelt dësen och direkt op.

Playfully

Dësen Atelier bitt eng spannend 360° Kierperrees mat Beweegungen aus der Welt vum Danzen, aus der Welt vun der Kampfkonscht an dem Animal Flow déi de Kanner erméiglecht hir Motorik a Kierperdynamiken ze entdecken an ze entwéckelen. Duerch natierlech Beweegungen, Reflexer, kreativ Koordinatiouns- a Mobilitéitsspiller, erliewen d’Kanner den Danzkierper an all senger Villfältegkeet. Verschidde kreativ Übunge gi gewisen, déi och am Alldag kënne gemaach ginn, fir sech besser ze spieren an nei kreativ Iddien ze entwéckelen.

D’Zil vun dësem Atelier ass et eis Orientéierung am Raum ze verbesseren, op eisen Instinkt ze lauschteren an dësem ze vertrauen. Mir léieren Signaler aus eisem Banneschten ze erkennen, op des ze lauschteren, a se gläichzäiteg positiv ze fërderen. De Fokus ass de Léier- an Experimentéierungsprozess ze genéissen, ouni sech dobäi op e bestëmmt Resultat oder sos festgeluechten Erwaardungen ze fixéieren.
Mir ginn eisen Impulser no a loossen eis fräi vun der Beweegung féieren. Duerch dës Praxis verbanne mir eis ëmmer erëm bewosst mat eisem Kierper a bauen no an no e méi grousst Kierperbewosstsinn op.
Am Kader vun dësem Atelier entdecke mir och den „eidele“ wéi och den „oppene“ Raum. Mir trëppelen duerch dëse Raum, beweegen eis bewosst an entwéckelen sou een nuancéiert Raumgefill. Och am Chaos kënne mir eis Plaz an och eis Rou fannen.

Konkret besteet déi Offer aus:

° Kreativ Beweegungssequenzen opbauen
° Muskulaturübungen fir déi ganzheetlech Stäerkung
° Reflexspiller
° 360° Kierperbewosstsinn entwéckelen
° Reaktivitéit verbesseren

Sangt eise Song!

Dës Offer riicht sech un all Klasse vum C1 – C4 an orientéiert sech um Museksmaterial op applaus.lu. „Sangt eise Song“ besteet aus zwou verschiddenen Interventiounen: Engem Atelier an enger Opnam. Zesumme mat Applaus sicht all d’Klass sech ee Lidd vun applaus.lu eraus a léiert dëst individuell kennen. D’Ekipp vun Applaus kënnt dann an d’Klass mat engem Museksatelier ronderem dat gewieltent Lidd. Nodeems d’Klass weider Zäit kritt fir un hirer performance ze schaffen, kënnt d’Ekipp eng zweete Kéier mat dem néidegen techneschen Ekipment an d’Klass fir eng Opnam. Je no Lidd kann dëst op Gesang beschränkt sinn oder awer och z.B. Instrumentespill oder Bodypercussion beinhalten.

Dash Live Challenge

Dir schafft am Cycle 3 an hutt Loscht, mat Äre Kanner den DASH Roboter ze entdecken a flott Missiounen zesummen ze kodéieren? Da sidd Dir hei genee richteg, a keng Angscht, Dir braucht och keng Erfarung am Kodéieren ze hunn. Dofir gëtt Iech am Ufank vum Schouljoer eng Formation continue ugebueden.

Hautdesdaags ass et essentiel, datt all Schüler d’Méiglechkeet kritt, d’Basiskonzepter vun der Informatik ze verstoen a se ze benotzen, fir Problemer ze léisen. Eng Robotik-Aktivitéit entwéckelt Fäegkeeten am logeschen Denken, Problemléisen, Teamwork a am Beräich vun der Kreativitéit. Et sinn dës interdisziplinär Fäegkeeten, déi och zentral an de Beräicher Mathematik, Naturwëssenschaften, Sproochen, asw. sinn.

Wärend der Challenge entdecken d‘Kanner den DASH Roboter, seng villfälteg Funktiounen, maachen éischt Schrëtt an der block-baséierter Kodéiersprooch a léisen am Team erausfuerderend Challengen op eng kreativ Aart a Weis.

Mat e bësse Geschéck qualifizéiert Är Klass sech fir déi grouss Finall, wou Är Kanner d’Méiglechkeet gebuede kréien, hire Roboter an hir Kodéier-Fäegkeeten engem breede Public virzestellen.