Pitch your business

Initiatioun an d’Grënnung vun enger Entreprise

Ziler:
– De Schülerinnen a Schüler d’Virdeeler an d’Erausfuerderunge vun enger Karriär als Entrepreneur bzw. Entrepreneurin virstellen.
– Déi wichtegst Etappe vun der Grënnung vun enger Entreprise a klenge Gruppen op praktesch Aart a Weis entdecken: eng Geschäftsiddi mat Hëllef vum Business Model Canvas strukturéieren a weiderentwéckelen.
– Hir Geschäftsiddi virun den anere Schülerinnen a Schüler presentéieren a konstruktive Feedback kréien, fir hiren Entrepreneursprojet weider ze verbesseren.

Fir Iech fir dësen Atelier unzemellen oder weider Informatiounen ze kréien, sti mir Iech gär zur Verfügung. Kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail op: ree@cc.lu

Innovation Camp

WICHTEG: D’SCHÜLER MUSSE SECH INDIVIDUELL FIR DËS OFFER UMELLEN! 

Den Innovation Camp fënnt zwee bis dräi Mol am Schouljoer statt an dauert e ganzen Dag.

Wärend engem Camp kommen d’Schüler zesummen, fir ze brainstormen an innovativ Iddien a Léisungen fir e ‘Business Challenge’ ze entwéckelen, dee vun engem Sponsor aus dem private oder ëffentleche Secteur gestallt gouf.

Et ass eng intensiv Erfarung fir d’Participanten, well hinnen de ‘Business Challenge’ just um Dag selwer virgeluecht gëtt a si no nëmmen engem Dag Aarbecht eng Léisung virschloen mussen.

Wärend dem Camp ginn d’Teams vu Coachen aus der professioneller Welt geleet, déi hiert Wëssen an hir Erfarung deelen, a si gi vum Léierpersonal accompagnéiert.

Um Enn vum Dag muss all Team seng Aarbecht virun engem Publikum an enger Jury presentéieren. D’Jury wielt déi dräi Gewënner aus.

En Innovation Camp ass eng exzellent Manéier, entrepreneurial Bildung ze fërderen an d’Imaginatioun an d’Potenzial vun de jonke Leit ze notzen. Dëst Event ergänzt d’Schoulbildung, well et de jonke Leit erlaabt, Konkurrenz, Teamaarbecht an d’Ahalen vun Deadlinen ze erliewen, während si hir Imaginatioun fräi ausliewen.

Frequenz: 2–3 Evenementer pro Joer

Fir méi Informatiounen iwwer déi nächst Innovation Camps, klickt hei.

My First Enterprise

Iwwer eng Period vun mindestens 10 Wochen probéiert eng Grupp vu 3 bis 4 Schüler, mat engem Kapital vun €75, dës Somme ze vergréisseren, andeems si kleng Artikelen kafen a verkafen, eng Déngschtleeschtung ubidden oder an der Produktioun aktiv sinn. D’Zil ass et, hinnen d’Grondlagen vum Betribsmanagement virzestellen.

All Grupp dokumentéiert d’Aktivitéiten, déi duerchgefouert ginn, wéi de Kaaf vu Rohstoffer, de Verkaf vu Produkter, d’Féieren vum Livre de caisse, d’Marketingaktivitéiten, asw. D’Schüler mussen Initiativ weisen an Entscheedungen huelen. Eng Léierkraaft iwwerwaacht an beréit d’Grupp.

D’Zil vun dësem Programm ass et, jonker Leit bäizebréngen, am Team ze schaffen, e Projet ze féieren, mat Liwweranten a Konsumenten ze kommunizéieren, an si op aner, méi fortgeschratt Programmer virzebereeden.

Dauer: September – Mee

Aschreiwung op www.jel.lu

You(th) Start Challenges

You(th) Start Challenges si kleng a gréisser entrepreneurial Erausfuerderungen an e wichtegt Element am Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un de Challengë gëtt den entrepreneurial mindset an den nohaltegen a soziale Gedanke gestäerkt an d’Kooperatioun tëscht deene Jonke gefuerdert.

D’Challengë sinn Aktivitéiten, déi den Enseignanten zur Verfügung stinn, fir se direkt am Cours ëmzesetzen.

Fir all Alterstranche si Challengen dobäi:

  • A2 = 10-14 Joer (7ième – 6ième/ division inférieure)
  • B1-B2 = ab 15 Joer (5ième – 1ère/ division supérieure)

Duerch verschidden Aufgabe gëtt d‘Eegeninitiativ, d’Motivatioun, d’Innovatiounsfäegkeet  an d’Selbstvertraue gestäerkt an Theeme wéi Nohaltegkeet an d’Implicatioun an der Gesellschaft ofgedeckt.

D’Challengë sinn a 6 verschiddene Sproochen accessibel a kënnen ënnert www.youthstart.eu erofgeluede ginn.

Change Starts with You! Exploring Social Entrepreneurship and Social Innovation

Sidd Dir Enseignant oder Enseignante a wëllt Ärer Klass een Abléck an d’Sozialwirtschaft, den sozialen Entrepreneuriat an déi sozial Innovatioun zu Lëtzebuerg ginn? Wëllt Dir Är Schüler a Schülerinnen dozou inspiréieren, innovativ Iddien z’entwéckelen an aktiv zu enger besserer Gesellschaft bäizedroen?

An dësem interaktive Workshop léieren d’Participanten d’Grondlage vun der Sozialwirtschaft, dem sozialen Entrepreneuriat an der sozialer Innovatioun kennen. Si entdecken, wéi Entreprisen an Organisatioune wirtschaftlech Aktivitéite mat gesellschaftlechem Notze verbannen an esou e positiven Impakt op hir Ëmwelt hunn.

Duerch konkret Beispiller aus Lëtzebuerg, spannenden Diskussiounen a prakteschen Aktivitéite weisen mir, datt net nëmme grouss Organisatiounen, mee jiddereen e Changement ausléise kann. D’Schüler a Schülerinnen ginn encouragéiert, gesellschaftlech Erausfuerderungen z’erkennen, kreativ Léisungen ze entwéckelen an hir eege Potenzialer als zukünfteg Changemakers z’entdecken.

Léierzieler

  • Verstoe wat d’Sozialwirtschaft, de sozialen Entrepreneuriat an déi sozial Innovatioun bedeiten;
  • Entdecken, wat “Impakt hunn” konkret heescht;
  • Inspiréierend Beispiller vu sozialen Entreprisen zu Lëtzebuerg kenneléieren;
  • Kreativ Iddie fir positiv Verännerungen entwéckelen;
  • Erkennen, datt all Mënsch d’Potenzial huet, een Changemaker ze ginn.

D’Participanten entdecken, datt aus enger Iddi e Projet a souguer eng sozial Entreprise entstoe kann, déi e reellen Ënnerscheed an der Gesellschaft mécht.