De Piwitsch: Mini-Redaktioun

D’Mini-Redaktioun ass eng besonnesch Interventioun vun eisem Redaktiounsteam an Ärer Klass. Dobäi kommen d’Schüler a Schülerinnen der Roll vu Journalistinnen a Journaliste ganz no: Si wielen sech en Thema eraus, féieren eege Recherchen duerch an erstellen dono en Artikel, eng Audio- oder Videoreportage. Begleet an ënnerstëtzt ginn si dobäi vun eisem Team.

D’Kanner léieren dobäi net nëmme, wéi Medien entstinn, ma entdecken och d’Villfältegkeet vun der Medielandschaft zu Lëtzebuerg. Déi fäerdeg Beiträg ginn dono am Piwitsch publizéiert.

Concours Jeune Journaliste 2026 / 2027

Concours Jeune Journaliste 2026 / 2027

Wat mir sichen:

Hutt Dir am leschte Joer eegen Aarbecht produzéiert oder plangt Dir et ze maachen? Ob et e geschriwwene Text, e Podcast oder e Video ass – weist eis, wat Dir kënnt! Eleng, zu zwee, als Grupp oder mat Ärem ganzen Redaktiounsteam (zum Beispill Ärer Klass).

Dir sidd fräi, all Format ze wielen, soulaang Dir professionell schafft:

  • Faktencheck: Baséiert Är Aarbecht op richtegen Interviews a zouverlässege Quellen.
  • Bleif cool: Bleif objektiv! Trenn faktesch Informatiounen vun denger perséinlecher Meenung.

Maacht mat an äerer Alterskategorie a gewënnt super Präisser:

  • Kategorie 1: 8–12 Joer
  • Kategorie 2: 12–26 Joer

Wéi kënnt dir matmaachen:

Schéck eis einfach deng Aschreiwung bis den 1. Mäerz un: Cjj@men.lu
Vergiess net, am Betreff ‘Concours Jeune Journaliste 2027’ unzeginn.

Loscht op en Upgrade?

Wëllt Dir nach méi déif an d’Welt vun de Medien afänken an méi dozou léieren? Da mellt Iech fir eise gratis Journalismus-Workshop un!

FIRST LEGO League Challenge – Luxembourg

Am Mëttelpunkt vun der FIRST LEGO League Challenge steet d’kollegial Konkurrenz, wou Gruppe vu maximal 8 Schülerinnen a Schüler tëschent 8 a 16 Joer sech mat Fuerschen, Problemléisen, Programmatioun an Technik beschäftegen, andeems si ee Lego-Roboter programméieren, dee Missioune vun engem Robot Game bewältege soll.

D’FIRST LEGO League verëffentlecht all Joer eng nei Challenge, déi sech op ee wëssenschaftlecht Thema baséiert. Duerch d’FIRST LEGO League Challenge kënnen d’Schülerinnen a Schüler net nëmmen hir STEAM-Fäegkeeten (science, technology, engineering, arts and mathematics) entwéckelen, mee och kritescht a logescht Denken uwenden, fir als Grupp un engem spannenden, missiounsbaséierte ‘Robot Game’ deelzehuelen. Méi Informatioune ginn et ënnert dësem Link.

D’Schülerinnen a Schüler fänken am Ufank vum Schouljoer un, um Projet ze schaffen an no enger nationaler Qualifikatioun mat uschléissend grousser Finall ginn déi éischt dräi bis fënnef lëtzebuerger Teams an d’Belsch an trieden do géint déi 20 bescht belsch Equippen un.

Den Dag vun der Competitioun besteet fir all Equipe aus zwee wesentlechen Deeler. Dat ass zum engen de ‘Robot Game’ an zum aneren d’Presentatioun vum individuellen ‘Innovation Project’.

  • Robot Game

Wärend der Virbereedungsphas an de Schoulen, déi offiziell am Oktober ugeet, muss all Equipe ee Roboter no de Virschrëfte vum Spill entspriechend designen a bauen. Uschléissend kënnen all d’Kanner hir Programméierfäegkeeten entwéckelen, wärenddeems si mat hirem Roboter um Spillfeld probéieren, déi eenzel Missiounen ze erleedegen. Um Dag vum Concours bestreit all Equipe beim ‘Robot Game’ dräi Matcher vun allkéiers zwou an enger hallwer Minutt, fir sou vill Missiounen ewéi méiglech ze meeschteren a Punkten ze erspillen.

  • Innovation Project

Beim ‘Innovation Project’ fuerschen d’Kanner zu engem Theema aus hirem Interessegebidd, formuléieren eng Fuerschungsfro, consultéiere verschidde Sourcen an Experten a bereeden eng uspriechend Präsentatioun vir, fir d’Resultater vun hirem ‘Innovation Project’ engem Jury virzestellen.

FIRST LEGO League

D’FIRST LEGO League gouf duerch eng Partnerschaft tëschent FIRST (For Inspiration and Recognition of Science and Technology) a LEGO Education am Joer 2001 gegrënnt. 3.700 Evenementer, un deenen 110 Länner a méi wéi 679.000 Participanten deelhuelen, ginn all Joer vun der FIRST LEGO League initiéiert.

Fir Lëtzebuerg organiséiert de SCRIPT a Kollaboratioun mat der Voka (Flanders’ Chamber of Commerce and Industry) aus der Belsch dës Competitioun.

Kontakt: fll@script.lu