Imaginéz la Durabilité Ecosocial Ensemble

Les élèves seront introduits à l’Agenda 2030 et à certains ODD, découvriront les quatre dimensions de l’Agenda et comprendront l’interconnexion entre les différents objectifs. Des activités seront réalisées en groupe.

Les élèves découvriront ensuite les œuvres de l’exposition I.D.E.E. consacrées aux ODD, accompagnées de récits vidéo des artistes et d’histoires de durabilité provenant du monde entier.

Ils seront invités à identifier les ODD les plus pertinents pour leur école et leur communauté, à explorer leurs interconnexions et à réfléchir aux actions qui pourraient contribuer à leur réalisation. Les élèves choisiront les ODD qui les intéressent et seront invités à créer leurs propres récits, éco-vidéos.

Cette réflexion pourra prendre la forme de jeux de simulation, d’exercices de design thinking et d’activités participatives, avec une attention particulière portée aux ODD 5, 6, 10, 11, 12, 14 et 15.

Le programme pourra être enrichi par un cycle d’ateliers artistiques, animé par un artiste du projet I.D.E.E., ainsi que par un atelier de mouvement créatif, proposé par un expert en mouvement somatique de notre association.

Pour amplifier encore la dimension pédagogique du parcours, l’école pourra également accueillir l’exposition I.D.E.E. [https://gaialux.lu/activities/i-d-e-e-imaginez-la-durabilite-ecosocial-ensemble-artists/], offrant aux élèves une expérience directe et immersive des œuvres et des récits proposés. L’exposition pourra ainsi accompagner le parcours tout au long de sa réalisation et créer un environnement d’apprentissage vivant, favorisant la curiosité, la réflexion et l’engagement. Si l’accueil physique de l’exposition n’est pas possible, les œuvres pourront également être découvertes sur support numérique, permettant de conserver l’accès aux créations artistiques, aux récits des artistes et aux contenus liés aux ODD. L’exposition I.D.E.E. servira  d’outil pédagogique pour favoriser une réflexion active et participative sur les enjeux du développement durable.  Le programme pourra être enrichi par un cycle d’ateliers artistiques, animé par un artiste du projet I.D.E.E., ainsi que par un atelier de mouvement créatif, proposé par un expert en mouvement somatique de notre association.

Minett INK

Eng graphesch Exploratioun vun der Biodiversitéit

Wéi kann een op eng ëmweltfrëndlech a kreativ Manéier Kommunikatiounsmaterial fir d’Promotioun vun der Ëmwelterzéiung entwéckelen? Workshop mat Risografie, enger japanescher Drockprozedur, bei där Tënt benotzt gëtt, déi just aus Soja, ouni Léisungsmëttel, besteet, fir eenzegaarteg an onerwaart Bichelcher, Flyeren a Posteren ze kreéieren.

Dir gitt vun enger Grafik Designerin encadréiert.

Dauer: 2.5 – 3h

Datum: op Ufro

Plaz: Naturschutzzentrum Ellergronn (Esch-Uelzecht)

Umellungen via Email op: minell@minett-biosphere.com

Minetter Woll

Wou kënnt eis Woll hier a wéi gëtt si verschafft? Bei dësem praktesche Workshop, dee vum Nicolas Meiers gehale gëtt, entdecken d’Schülerinnen a Schüler d’Woll vun de Minetter Schof, dem rouden Ardennerschof. Déi grasen an eisen Naturschutzgebidder an erhaalen esou d‘Biodiversitéit an d‘Landschafte.

Mat Hëllef vun Experimenter léieren d‘Kanner d’Eegenschafte vun der Woll kennen an erliewen déi verschidde Schrëtt vun der Veraarbechtung: vum Kardéieren iwwer d’Spanne bis zum Wiewen a Filzen. D’Kanner léieren weieng Prokukter aus dem Material Woll kennen entstoen

Pädagogesch Naturaktivitäten | Ganzen Dag

Entdecken, Upaken a Staunen – Eng onvergiesslech Natur- an Handwierkserfahrung fir Är Klass!

An der Natur zu Munzen begeeschtert den Naturzentrum Robbesscheier Schoulklassen mat enger lieweger Entdeckungsrees. Bei eis gëtt Léieren zu engem engem Erliefnis: D’Kanner dauchen hautno an déi faszinéierend Welt vum traditionelle Landliewen a vum Naturschutz an.

Eis Offer ëmfaasst follgend Atelieren: Kutschenfahrt mat dem Ardenner Aarbechtspäerd, Déieren fidderen & Pfleeg vun den Aarbechtspäerd, Gaart- an Beienatelier, Bakstuff Woll-, Käerzen- a Keramikatelier, Seeërei a Schmëdd, Ieselreiden & Déierenolympiad… a villméi.

Bei eis stinn d’Kanner net just niewendrun – si packe selwer un! Ob beim Séien am Gaart, beim Forme vum Broutdeeg oder an interaktive Froeronnen: Bei eis ginn d’Schülerinnen a Schüler  virwëtzeg  an eis Ateliere suerge  fir richteg Aha-Momenter, déi nohalteg an Erënnerung bleiwen.

www.robbesscheier.lu

Pädagogesch Ziler:

  • Natur & Ökologie: Praxisnoot Begräife vu Liewenszyklen an Déierebedierfnesser (z. Beienatelier, Gaart, Déiere vum Bauerenhaff).
  • Geschicht & Wandel: Gräifbaart Erliewe vu ländlechen Handwierker vu fréier (Schmëdd, Bäckerei, Sägewierk).
  • Sozial Kompetenzen: Stäerkung vu Teamgeescht, Motorik a Vertrauen duerch kooperativ Spiller ouni Concours-Drock (z. B. Déierenolympiad).
  • Handwierk & Gestalten: Kognitiv a motoresch Fërderung duerch d’Aarbechte mat Naturmaterialien (Woll, Wues Toun, Holz).
  • Gesondheet & Ëmwelt: Vermëttlung vu Bewosstsinn fir nohalteg Ernärung, Geschmaach an Ëmweltschutz.

Pädagogesch Naturaktivitäten | 1/2 Dag

Entdecken, Upaken a Staunen – Eng onvergiesslech Natur- an Handwierkserfahrung fir Är Klass!

An der Natur zu Munzen begeeschtert den Naturzentrum Robbesscheier Schoulklassen mat enger lieweger Entdeckungsrees. Bei eis gëtt Léieren zu engem engem Erliefnis: D’Kanner dauchen hautno an déi faszinéierend Welt vum traditionelle Landliewen a vum Naturschutz an.

Eis Offer ëmfaasst follgend Atelieren: Kutschenfahrt mat dem Ardenner Aarbechtspäerd, Déieren fidderen & Pfleeg vun den Aarbechtspäerd, Gaart- an Beienatelier, Bakstuff Woll-, Käerzen- a Keramikatelier, Seeërei a Schmëdd, Ieselreiden & Déierenolympiad… a villméi.

Bei eis stinn d’Kanner net just niewendrun – si packe selwer un! Ob beim Séien am Gaart, beim Forme vum Broutdeeg oder an interaktive Froeronnen: Bei eis ginn d’Schülerinnen a Schüler  virwëtzeg  an eis Ateliere suerge  fir richteg Aha-Momenter, déi nohalteg an Erënnerung bleiwen.

www.robbesscheier.lu

Pädagogesch Ziler:

  • Natur & Ökologie: Praxisnoot Begräife vu Liewenszyklen an Déierebedierfnesser (z. Beienatelier, Gaart, Déiere vum Bauerenhaff).
  • Geschicht & Wandel: Gräifbaart Erliewe vu ländlechen Handwierker vu fréier (Schmëdd, Bäckerei, Sägewierk).
  • Sozial Kompetenzen: Stäerkung vu Teamgeescht, Motorik a Vertrauen duerch kooperativ Spiller ouni Concours-Drock (z. B. Déierenolympiad).
  • Handwierk & Gestalten: Kognitiv a motoresch Fërderung duerch d’Aarbechte mat Naturmaterialien (Woll, Wues Toun, Holz).
  • Gesondheet & Ëmwelt: Vermëttlung vu Bewosstsinn fir nohalteg Ernärung, Geschmaach an Ëmweltschutz.

Landwirtschaft erliewen – Besuch um Bauerenhaff

„Letzfarm – Landwirtschaft erliewen“ bitt Schoulklassen aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul a Kanner aus de Maison-relaisen d’Méiglechkeet, d’Lëtzebuerger Landwirtschaft direkt um Bauerenhaff ze entdecken.

Iwwer eis Plattform kënnen d’Schoulen an d’Maison-relaisen e passende Bauerenhaff auswielen an eng Visitt ufroen. Déi deelhuelend Häff bidden ënnerschiddlech Aktivitéiten an thematesch Visitten un a ginn de Kanner en authenteschen Abléck an den Alldag an d’Aarbecht op engem landwirtschaftleche Betrib.

Am Mëttelpunkt steet dat praktescht Erliewe vun der Landwirtschaft. D’Kanner léieren ënner anerem kennen, wou eis Liewensmëttel hierkommen, wéi Déiere gehale ginn, wéi Planze wuessen a wéi eng Roll d’Landwirtschaft fir eis Ernärung, d’Natur an eis Landschaft spillt. Jee no Bauerenhaff kënnen dobäi verschidden Theme behandelt ginn.

D’Organisatioun an d’Vermëttlung vun de Visitte leeft iwwer Letzfarm. D’Käschte vun de Visitte ginn am Kader vum Projet iwwerholl.

Thematesch Workshops an der Natur

D’Natur an de Bësch bidden ideal Méiglechkeeten, fir mat alle Sënner ze léieren, ze entdecken an nei Erfarungen ze sammelen. Dës thematesch Workshops riichte sech u Schoulklassen an u Kannergruppen aus der non-formaler Bildung, zum Beispill aus Maisons relais an anere Bildungs- a Betreiungsstrukturen. Duerch praktesch Aktivitéiten, Experimenter, Beobachtungsaufgaben a gemeinsam Entdeckunge ginn Themen aus der Natur konkret an erliewbar.

Am Mëttelpunkt stinn Themen ewéi Natur, Ëmwelt, Déieren, Planzen, Bësch, Joreszäiten a Biodiversitéit. D’Kanner kënnen hir eege Froen an Interessen abréngen, ausprobéieren an Zesummenhäng an hirer Ëmwelt entdecken. Dobäi ginn hir Virwëtzegkeet, hir Beobachtungsfäegkeet, hir Selbststännegkeet an d’Zesummenaarbecht an der Grupp gefërdert. Gläichzäiteg entwéckele si e bewossten a respektvollen Ëmgang mat der Natur.

D’Inhalter an d’Aktivitéite ginn individuell un den Alter, den Entwécklungsstand, d’Interessen an d’Besoine vun de Kanner souwéi un déi pädagogesch Ziler vun der Grupp ugepasst. Am schoulesche Beräich kënnen d’Workshops de Schoulprogramm an aktuell Unterrechtsthemen praktesch ergänzen. An der non-formaler Bildung knäppe si un d’Erfarungen an den Alldag vun de Kanner souwéi un d’Themen a Projete vun der Ariichtung un a bidden Raum fir spillerescht, selbstbestëmmt a gemeinsamt Léieren.

  • Zilgrupp: Schoulklassen aus de Cyclen 1–4 a Kannergruppen aus der non-formaler Bildung; d’Aktivitéite ginn altersgerecht ugepasst.
  • Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
  • Dauer: Variabel, mindestens 3 Stonnen; eemoleg oder als Serie vu méi Atelieren
  • Remarque: Themen an Inhalter ginn am Virfeld mat de Léierpersounen oder dem pedagogeschen Team ofgestëmmt an un d’Besoine vun der Klass oder der Grupp ugepasst.

.

Tout savoir sur le recyclage des appareils électriques et électroniques

Comment reconnaître un appareil électrique ou électronique ? Et que faut-il en faire lorsqu’il n’est plus utilisé ?

À travers cet atelier ludique et interactif, les élèves commencent par relever le défi du Quiz interactif – « Le détective des appareils ». À partir de situations et d’exemples du quotidien, ils observent, réfléchissent et apprennent à identifier les appareils électriques et électroniques.

L’atelier permet ensuite de découvrir leur cycle de vie et les bons gestes à adopter lorsqu’ils arrivent en fin de vie. Les élèves comprennent l’importance du tri, de la réutilisation et du recyclage pour préserver les ressources naturelles et de contribuer à l’économie circulaire.

Un atelier pour apprendre à reconnaître, comprendre et adopter les bons gestes face aux appareils électriques et électroniques, tout en découvrant dès le plus jeune âge comment préserver les ressources de notre planète.

Tout savoir sur le recyclage des batteries

Que devient une batterie lorsqu’elle n’est plus utilisée ? Pourquoi est-il essentiel de bien la trier ? Et comment un geste simple peut-il contribuer à préserver notre environnement ?

À travers un atelier ludique et interactif  les élèves découvrent le cycle de vie des batteries et les enjeux de leur recyclage. Ils comprennent pourquoi les batteries usagées ne doivent pas être jetées avec les déchets classiques et découvrent comment les matières qu’elles contiennent peuvent être récupérées et réutilisées.

L’atelier se poursuit par une activité créative et pratique : les élèves personnalisent un cube de collecte destiné aux batteries usagées. Une façon de passer de la découverte à l’action et d’ancrer les bons gestes dans leur quotidien.

Un atelier pour comprendre, agir et devenir acteur du recyclage !

Besichtegung vum SDK Ressource-Campus

Wat passéiert eigentlech genau mat geféierlechem Offall? Wisou gëtt Offall getrennt agesammelt? Weiéng Roll spillt do d’SDK? Zesumme ginn d’Schüler/innen aus dem Cycle 4 dëse Froe méi op de Gronn.

Der sidd Léierpersonal vun enger Primärschoul a wëllt zesumme mat ären Schüler/innen op des Froen äntwerte kënnen „Wat genau mëscht d‘SuperDrecksKëscht®? Wat geschitt mat eise geféierlechen Offäll? Wisou ginn déi iwwerhaapt gesammelt?

Dës spannend Froe gi mat enger spannende Schatzsich duerch eise Logistikzenter an der SuperDrecksKëscht® beäntwert!

Entdeckt zesumme mat ärer Klass, wat der SDK seng Aufgabe sinn a wéi jiddereen eis Naturschätz beschütze kann!