Hallo Handwierk – Thematesch Wochen iwwert d’Handwierksberuffer

Hallo Handwierk erméiglecht de Kanner, Handwierksberuffer a Karriärperspektiven am Handwierk ze entdecken.

‘Hallo Handwierk’ ass déi éischt thematesch Woch iwwer Handwierk, entwéckelt fir d’Primärschoul vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mat SCRIPT an der Maison de l’Orientation. De Projet vun der Entwécklung  vun transversalen Aarbechtsblieder fir de Cycle 4.1 gëtt ergänzt duerch eng praktesch Aktivitéit, geleet vun engem Handwierker, deen d’Klass besicht an domat d’Interesse vun de Kanner un den handwierkleche Fäegkeeten erwächt.

5 thematesch Wochen an 12 praktesch Atelieren iwwert Handwierksberuffer, stinn zur Verfügung a kënnen vun de Klassen am Cycle 4.1 gebucht ginn.

Startklar!

Startklar! ass e ëmfaassend Léierprogramm, entwéckelt vun Jonk Entrepreneuren Luxembourg, a baséiert op dem Prinzip vun de You(th) Start Challenges aus Éisträich.
D’Programm riicht sech un Primärschoulkanner am Alter vun 10 bis 12 Joer (C.4) a besteet aus néng léierpedagogesche Kapitelen, an deenen d’Kanner duerch praktesch Instruktioun léieren, wéi Zesummenaarbecht a kreativ Aktioun zu neie Iddien féiere kënnen.

D’Kapitel bauen openeen op a léieren d’Basis-Grënnerkonzepter op eng spillend a kreativ Manéier. Ofhängeg vum Léierplang kann de Programm flexibel agesat ginn – entweder am Ganzen oder a Form vu eenzelen Aktivitéiten a thematesche Moduler.
Vum Entwéckelen vun Iddien bis zur Ëmsetzung vun hirer eegener Verkafs-Erfarung kréien d’Schüler wäertvoll Abléck an d’Welt vum Entrepreneuriat an an d’nohalteg Wäertschafung.

Zäitraum: iwwert d’ganz Schouljoer (flexibel)

Dëse Programm baséiert op dräi You(th)Start Challenges: Idea Challenge – Loosst eis Wäert schafen, Idea Challenge – Bréngt Är Iddien viru!, Lemonade Stand Challenge – Verkafen ass Spaass!

You(th) Start Challenges

You(th) Start Challenges si kleng a gréisser entrepreneurial Erausfuerderungen an e wichtegt Element am Projet vun de Sustainable Entrepreneurial Schools. Si verstinn d’Léieren als ganzheetleche Prozess a kënne fächeriwwergräifend agesat ginn. Duerch d’Participatioun un de Challengë gëtt den entrepreneurial mindset an den nohaltegen a soziale Gedanke gestäerkt an d’Kooperatioun tëscht deene Jonke gefuerdert.

D’Challengë sinn Aktivitéiten, déi den Enseignanten zur Verfügung stinn, fir se direkt am Cours ëmzesetzen.

Fir all Alterstranche si Challengen dobäi:

  • A2 = 10-14 Joer (7ième – 6ième/ division inférieure)
  • B1-B2 = ab 15 Joer (5ième – 1ère/ division supérieure)

Duerch verschidden Aufgabe gëtt d‘Eegeninitiativ, d’Motivatioun, d’Innovatiounsfäegkeet  an d’Selbstvertraue gestäerkt an Theeme wéi Nohaltegkeet an d’Implicatioun an der Gesellschaft ofgedeckt.

D’Challengë sinn a 6 verschiddene Sproochen accessibel a kënnen ënnert www.youthstart.eu erofgeluede ginn.

Woch vun de Suen

Atelier Semaine de l’argent (Woch vun de Suen)
Au cours de cet atelier, les étudiants apprendront :
  • La gestion du budget au quotidien : apprendre à faire la différence entre besoins et envies. Comprendre comment gérer son argent de poche. Construire et suivre un budget.
  • Le rôle du secteur financier : découvrir concrètement le rôle des banques et le fonctionnement des services financiers.
  • La consommation responsable : échanger sur des situations pratiques de la vie de tous les jours pour adopter un comportement financier responsable et autonome.
Durée : 90 ou 120 minutes