Matenee liewen heescht matenee kommunizéieren. Iwwert d’Kommunikatioun deele mir eis Erfarungen, vermëttele Wënsch a vertriede Meenungen. Aus dësem Austausch entstinn demokratesch Prozesser a Wäerter. D’Debattéiere stellt eng besonnesch Form vu Kommunikatioun duer. Hei gëtt sech no klore Reegelen iwwert ee konkrete Sujet ausgetosch.
Säit enger Zäit ginn Debattéierclibb, an deene sech Kanner, Schüler a Studenten als Ekipp am Debattéiere moossen, ëmmer méi populär. Dëst ass net verwonnerlech, wann een sech déi vill Kompetenzen ukuckt, déi een iwwert d’Debattéiere kann trainéieren.
Iwwert d’Challenge Wat sees du? begleede mir iech an är Klass iwwert ee ganzt Schouljoer beim Léiere vum Debattéieren a beim Opbau vun ärem eegenen Debattéierclub an der Klass. Am Ganzen intervenéiere mir dräimol op der Klass. Ausserdeem hu mir zum Schluss vum Schouljoer ee groussen Debattéierdag, wou är Klass sech mat aneren am Debattéiere ka moossen.
Dir hutt eng Klass, déi net op de Mond gefall ass? Dir sicht no enger kreativer Aart a Weis Sproochen-, Sozial- a Kommunikatiounskompetenzen op ärer Klass ze fërderen a gläichzäiteg demokratesch Prozesser e vermëttelen? Dann ass d’Initiativ Wat sees du? genau dat Richtegt.
Mellt iech un, fir méi gewuer ze ginn.