Allgemeng Presentatioun iwwert d’EU

Wat mécht d’EU? Wéi schaffen d’Europadeputéiert zu Stroossbuerg? Wéi entsteet en EU-Gesetz? Trefft e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin vum Europäesche Parlament a gitt zu richtegen EU-Experten!

Déi allgemeng Presentatioun am Erliefnes Europa gëtt Äre Schülerinnen a Schüler en Iwwerbléck iwwer d’Geschicht vun der EU an hir wichtegst Institutiounen, wéi eng Aufgaben si hunn a wéi si zesummeschaffen. Op Basis vun den Informatiounen, déi Dir eis gitt, passt eis Ekipp den Inhalt vun der Presentatioun un Är Klass un.

D’Schülerinnen a Schüler kréien och Informatiounen iwwer europäesch Jugendprogrammer an aner Offeren, vun deenen si profitéiere kënnen.

 

Méi Informatioune
Reservéiert Äre Creneau gratis op eisem Site.

Visite guidée am Erliefnes Europa

Besicht mat Ärer Klass d’Erliefnes Europa a loosst d’Schülerinnen a Schüler d’Europäesch Unioun aus enger neier Perspektiv entdecken! Den interaktive Multimedia-Beräich weist, wéi d’EU funktionéiert a wéi Decisioune vun den EU-Institutiounen eisen Alldag beaflossen. Eis kulturell Mediateure féieren Är Klass duerch d’Ausstellung an organiséieren e Quiz, deen d’Schülerinnen a Schüler bei déi verschidde Statiounen an der Ausstellung bréngt. Si lauschteren Temoignagen, beweegen sech op enger interaktiver Kaart vun der EU, huelen an eisem 360°-Kino Plaz an testen eis Virtual-Reality-Experience.

Op Basis vun den Informatiounen, déi Dir eis gitt, passt eis Ekipp den Inhalt an de Stil vun der Visitt un Är Klass un.

Méi Informatioune
Reservéiert Äre Créneau gratis op eisem Site.

Trefft Är Europadeputéiert

D’Europäesch Unioun präägt eisen Alldag. Och wann d’europäesch Politik fir jonk Leit heiansdo abstrakt schéngt, hunn d’politesch Decisiounen, déi zu Stroossbuerg a Bréissel geholl ginn, en direkten Afloss op hiert Liewen als EU-Biergerinnen an EU-Bierger. Mee wéi ginn demokratesch Decisioune geholl? A wat mécht d’EU konkret fir déi jonk Generatiounen?

Bei enger Visitt vun Europadeputéierten an der Schoulklass kréien d’Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, d’Aarbecht vun den europäeschen Institutioune kennenzeléieren a mat Vertriederinnen a Vertrieder vum Europäesche Parlament iwwer aktuell Erausfuerderungen ze diskutéieren. Méi no kann Europa Äre Schülerinnen a Schüler kaum sinn!

Den Austausch vun ongeféier 90 Minutte gëtt vum Verbindungsbüro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg koordinéiert, virbereet a moderéiert.

Méi Informatiounen a Reservatioun
Kuckt op eisem Site.

D’EU um Schierm

D’Europäesch Unioun formt eisen Alldag an och wann se eis heiansdo abstrakt schéngen: D‘politesch Entscheedungen, déi zu Stroossbuerg a Bréissel geholl ginn, hunn een direkten Impakt op eist Liewen als EU Bierger*innen.

Awer wéi funktionéiert d’EU-Politik? Wie sinn déi Leit, déi Decisiounen op EU-Niveau huelen a wat mécht d’Europäesch Unioun ganz konkreet?

Mat D’EU um Schierm invitéieren den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an de Büro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg d’Schoulklassen, e Bléck hannert d’Kulissen ze werfen. D’Schüler*innen treffen sech online mat engem/er lëtzebuergeschen*er Europadeputéiert*en an hunn esou d’Méiglechkeet, hir Froen ze stellen iwwer d’Aarbecht vun der EU an aktuell politesch Erausfuerderungen. Den Aarbechtsalldag vun engem/er Europadeputéiert*en kritt een hei och aus éischter Hand erkläert.

D‘Onlinegespréich dauert insgesamt 90 Minutten (2 Schoulstonnen). Et setzt eng Preparatioun vun de Jonken duerch d’Léierpersoun viraus. Dofir steet e pedagogesche Kit zur Verfügung. Ofhängeg vum Datum gëtt et och d’Méiglechkeet vun enger (online) Virbereedungsstonn mam Büro vum Europaparlament. Den Echange mam/mat der Europadeputéiert*e gëtt vum ZpB moderéiert an ass ugepasst un den Alter vun de Schüler*innen.

Méi Infoen a Reservatioun
Op dem Site vum Europaparlament oder vum ZpB.

Rollespill: Schlüpft an d’Roll vun engem Europadeputéierten

Schlüpft an d’Roll vun engem Europadeputéierten!

D’Erliefnes Europa bitt e gratis Rollespill un, bei deem d’Participanten d’Roll vun Europadeputéierten iwwerhuelen. D’Schülerinnen a Schüler erliewen aus éischter Hand, wéi europäesch Demokratie funktionéiert, andeems si iwwer fiktiv EU-Gesetzer verhandelen. Op eng interaktiv a flott Manéier entdeckt d’Klass, wéi EU-Institutioune funktionéieren, an d’Schülerinnen a Schüler léieren ze debattéieren, virun engem Publikum ze schwätzen a Kompromësser ze fannen.

Méi Informatioune
Reservéiert Äre Creneau gratis op eisem Site.

Presentatioun vun der Lëtzebuerger Arméi

D’Ekipp vum Rekrutement- a Informatiounsbüro proposéiert Iech d’Lëtzebuerger Arméi mat Hand vun enger Presentatioun vun ongeféier 45 Minutte virzestellen.

Eist Zill ass et duerch dës Presentatioun, Äre Schüler déi néideg Informatiounen ze ginn, fir d’Roll vun enger Arméi an engem internationale Kontext besser ze verstoen, an hinnen d’Diversitéit vun de Aktivitéitsberäicher an de Spezialisatioune bei de Lëtzebuerger Arméi virzestellen.

D’Missioune vun de Lëtzebuerger Arméi ze kennen erlaabt äre Schüler d’Verdeedegungssystem vun eisem Land, Europa an der NATO besser ze verstoen.

Ofhängeg vum Profil vun äre Schüler an hirem Interesse un der Lëtzebuerger Arméi kann eis Ekipp hinnen d’Karriärméiglechkeeten, bei eis präsentéieren.

D’Lëtzebuerger Arméi bitt iwwer 115 verschidde Beruffer un, souwuel am militäresche wei och am ziville Beräich.  An de leschte Joren huet d’Lëtzebuerger Arméi sech déifgräifend verännert an dëst fir de Fuerderunge vun ëmmer méi techneschen a spezialiséierte Missioune gerecht ze ginn. An dësem Kader huet sech eist Spektrum u Karriärméiglechkeeten wesentlech diversifizéiert.

Vun fräiwëllegen Zaldoten a Kapereel bis hin zu Ënneroffizéier an Offizéier bidde mir fir all Bildungsniveau Karriärsweeër un. Des Karriären hu Perspektive vu berufflecher Entwécklung a proposéiere spezifesch Ausbildung bis hin zou Universitéitsstudien.

Fir eis Presentatioun ofzeschléissen an dës esou gutt wei méiglech un d’Attente vun äre Schüler oder ärem Léierprogramm unzepassen, invitéiere mir Iech, eise Besuch mat engem Workshop aus eisem Katalog ze ergänzen. Dëse Katalog bitt eng grouss Pallette u Méiglechkeeten, déi d’Villfalt vun de Spezialisatiounen an de Lëtzebuerger Arméi erëmspigelen.

Dës Ateliere gi vun eise Spezialiste virbereet a geleet. D’Organisatioun vun esou engem Atelier hänkt natierlech vun der Disponibilitéit vun deene respektiven Departementer of.