Visite guidée am Erliefnes Europa

Besicht mat Ärer Klass d’Erliefnes Europa a loosst d’Schülerinnen a Schüler d’Europäesch Unioun aus enger neier Perspektiv entdecken! Den interaktive Multimedia-Beräich weist, wéi d’EU funktionéiert a wéi Decisioune vun den EU-Institutiounen eisen Alldag beaflossen. Eis kulturell Mediateure féieren Är Klass duerch d’Ausstellung an organiséieren e Quiz, deen d’Schülerinnen a Schüler bei déi verschidde Statiounen an der Ausstellung bréngt. Si lauschteren Temoignagen, beweegen sech op enger interaktiver Kaart vun der EU, huelen an eisem 360°-Kino Plaz an testen eis Virtual-Reality-Experience.

Op Basis vun den Informatiounen, déi Dir eis gitt, passt eis Ekipp den Inhalt an de Stil vun der Visitt un Är Klass un.

Méi Informatioune
Reservéiert Äre Créneau gratis op eisem Site.

Trefft Är Europadeputéiert

D’Europäesch Unioun präägt eisen Alldag. Och wann d’europäesch Politik fir jonk Leit heiansdo abstrakt schéngt, hunn d’politesch Decisiounen, déi zu Stroossbuerg a Bréissel geholl ginn, en direkten Afloss op hiert Liewen als EU-Biergerinnen an EU-Bierger. Mee wéi ginn demokratesch Decisioune geholl? A wat mécht d’EU konkret fir déi jonk Generatiounen?

Bei enger Visitt vun Europadeputéierten an der Schoulklass kréien d’Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet, d’Aarbecht vun den europäeschen Institutioune kennenzeléieren a mat Vertriederinnen a Vertrieder vum Europäesche Parlament iwwer aktuell Erausfuerderungen ze diskutéieren. Méi no kann Europa Äre Schülerinnen a Schüler kaum sinn!

Den Austausch vun ongeféier 90 Minutte gëtt vum Verbindungsbüro vum Europäesche Parlament zu Lëtzebuerg koordinéiert, virbereet a moderéiert.

Méi Informatiounen a Reservatioun
Kuckt op eisem Site.

D’EU um Schierm

D’Europäesch Unioun formt eisen Alldag an och wann se eis heiansdo abstrakt schéngen: D‘politesch Entscheedungen, déi zu Stroossbuerg a Bréissel geholl ginn, hunn een direkten Impakt op eist Liewen als EU Bierger*innen.

Awer wéi funktionéiert d’EU-Politik? Wie sinn déi Leit, déi Decisiounen op EU-Niveau huelen a wat mécht d’Europäesch Unioun ganz konkreet?

Mat D’EU um Schierm invitéieren den Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an de Büro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg d’Schoulklassen, e Bléck hannert d’Kulissen ze werfen. D’Schüler*innen treffen sech online mat engem/er lëtzebuergeschen*er Europadeputéiert*en an hunn esou d’Méiglechkeet, hir Froen ze stellen iwwer d’Aarbecht vun der EU an aktuell politesch Erausfuerderungen. Den Aarbechtsalldag vun engem/er Europadeputéiert*en kritt een hei och aus éischter Hand erkläert.

D‘Onlinegespréich dauert insgesamt 90 Minutten (2 Schoulstonnen). Et setzt eng Preparatioun vun de Jonken duerch d’Léierpersoun viraus. Dofir steet e pedagogesche Kit zur Verfügung. Ofhängeg vum Datum gëtt et och d’Méiglechkeet vun enger (online) Virbereedungsstonn mam Büro vum Europaparlament. Den Echange mam/mat der Europadeputéiert*e gëtt vum ZpB moderéiert an ass ugepasst un den Alter vun de Schüler*innen.

Méi Infoen a Reservatioun
Op dem Site vum Europaparlament oder vum ZpB.