SysTeam – Metalog Spill

Eng beweeglech Plattform mat Figuren drop ass op engem Stativ an d’Gläichgewiicht bruet. Dëst fänkt direkt d’Opmierksamkeet vum Grupp op. Eng Metapher mat verschiddenen Interpretatiounen entsteet: eppes an d’Gläichgewiicht bréngen, Gläichgewiicht schafen, Interaktiounen erliewen, awer och mat Risiko a Verännerung ëmgoen.

Ëmsetzung:

Als Formateur oder Formatriceass Är Kreativitéit onbegrenzt wat d’Zuel an d’Aart vu Presentatiounen ugeet, déi Dir erstelle kënnt.

https://www.youtube.com/watch?v=1VyueH8y2vs

 

 

 

CultuRallye – Metalog Spill

Explizit an implizit Reegele sinn en Ausdrock vun all Kultur.

Egal ob et d’Kultur vun enger ethnescher Grupp oder enger Firma ass – wéi och ëmmer, Reegele bestëmmen, wéi mir zesumme liewen.

Den Ëmgang mat frieme Reegelen ass dat zentraalt Thema vun dësem Spill.

Ëmsetzung:

Et fänkt ganz einfach un. Un all Dësch fänken d’Participanten un, mat speziell entwéckelte Wierfelen ze spillen. Doduerch léieren si d’Reegelen.

No enger kuerzer Zäit ass et net méi erlaabt ze schwätzen. Elo wiesselen e puer Participanten op en aneren Dësch a spillen un engem friemen Dësch weider. Wat se awer net wëssen, ass datt d’Reegelen un all Dësch anescht si. Ouni ze schwätzen, mussen se elo duerch déi onbekannt Situatioun navigéieren an entweder nei Reegele léieren oder hir eege “importéieren”. Op alle Fall ouni Wierder! Dësen duuss doséierte Kulturschock soll hinnen hëllefen d’Aen ob ze maachen. Et erméiglecht et ze erliewen, wéi mir eis als Friemer an enger neier Ëmwelt fillen.

Bibliothéiksrallye – Zesummenhäng vun dëser Welt

Fir déi global Zesummenhäng ze verstoe ginn déi Jonk bei eis an der Bibliothéik ob d’Sich no Äntwerten.

Fir d’éischt kréien si e Gefill fir d’Envergure vun de globalen Zesummenhäng mat Hëllef vun eisem “Weltverdeelungsspill”. Wéi ass d’Weltbevölkerung um Globus verdeelt a wou läit de Räichtum?

Duerno geet et un d’Recherchéieren. Mat hire Smartphones an dem Internetsite “a-z.lu” léieren si wéi ee gezielt Informatioune sicht a fënnt.

Wat ass Kolonialismus, wat ass en transnationale Konzern a wat ass fairen Handel?

Bei hire Recherchë fannen déi Jonk déi verschiddenst Bicher an Dokumentatioune bei eis an der Bibliothéik, déi hinnen hëllefen, Informatiounen aus verifizéierte Ressourcen ze fannen.