Minett INK

Eng graphesch Exploratioun vun der Biodiversitéit

Wéi kann een op eng ëmweltfrëndlech a kreativ Manéier Kommunikatiounsmaterial fir d’Promotioun vun der Ëmwelterzéiung entwéckelen? Workshop mat Risografie, enger japanescher Drockprozedur, bei där Tënt benotzt gëtt, déi just aus Soja, ouni Léisungsmëttel, besteet, fir eenzegaarteg an onerwaart Bichelcher, Flyeren a Posteren ze kreéieren.

Dir gitt vun enger Grafik Designerin encadréiert.

Dauer: 2.5 – 3h

Datum: op Ufro

Plaz: Naturschutzzentrum Ellergronn (Esch-Uelzecht)

Umellungen via Email op: minell@minett-biosphere.com

Klimabampad – Entdeckt d’Beem vun der Zukunft

De Klimabaampad am LTEtt Arboretum erméiglecht de Schülerinnen a Schüler, d’Auswierkunge vum Klimawandel op eis Bëscher a Stied unhand vu konkreete Beem z’entdecken. Si léieren, wéi verschidde Bamaarten op Dréchent, Hëtzt oder aner Klimaännerungen reagéieren an wéi eng Roll d’Artewal bei der Gestaltung vun nohaltege Gréngflächen spillt.

Während der Visitt observéieren d’Participanten d’Beem direkt um Terrain, vergläichen hir Eegeschaften an diskutéieren iwwer d’Vir- an Nodeeler vu verschiddenen Aarten am Kontext vum Klimawandel. Dobäi ginn och Themen ewéi Biodiversitéit, Ökosystemleeschtungen an nohalteg Stad- a Landschaftsplangung opgegraff.