De Josi wandert aus ass e Buch, dat d’ Kanner fir de Klimawandel sensibiliséiern soll, nohaltegen Konsum, a wéi si selwer kënnen Klimahelde ginn mat ganz klenge Gesten, déi si am Alldag uwende kënnen (Poubellen, Recyclage, Energie, Natur, …)
De Josi wandert aus – Josi emigrates
De Josi wandert aus ass e Buch, dat d’ Kanner fir de Klimawandel sensibiliséiern soll, nohaltegen Konsum, a wéi si selwer kënnen Klimahelde ginn mat ganz klenge Gesten, déi si am Alldag uwende kënnen (Poubellen, Recyclage, Energie, Natur, …)
Âge / Cycle: Cycle 2
Plastic Loop
A wat wier wann…
… een den Offall a nëtzlech Géigestänn verwandele géif?
… een eise Ressourcen eng richteg Valeur géif ginn?
… de Plastik net méi an der Poubelle lande géif?
Mat der Plastiksmaschinn gëtt all dëst méiglech : al Fläschestëpp gi geschreddert, an dann an nei Objeten ageschmolt. Niewt der praktescher Upcyclingaktivitéit ginn mat de Kanner an engem spillereschem Theoriesdeel verschidde Spiller gemach an Begrëffer geléiert, déi an der Kreeslafwirtschaft an am Plastikrecycling wichteg sinn… Esou kënnen d’Kanner de Kreeslaf vun de Materialien besser verstoen.
Precious Ocean
An dësem interaktive Workshop fir d’Schoulen ginn d’Kanner eppes iwwert d’Linearwirtschaft an d’Kreeslafwirtschaftt geléiert, an dëst op ganz einfach Art a Weis andeems mir de Liewenswee vun engem T-Shirt retracéieren. Am Fokus steet och eng flott Aktivitéit fir si op d’Problematik vun den Plastiksoffäll am Ozean ze sensibiliséieren an op d’Schwieregkeet, d’Mierer ze botzen agoen.
Betti a Litti spille mam Dreck
Betti a Litti spille mam Dreck – Opféierung fir Schoulen
“Betti a Litti spille mam Dreck”-Spektakel zielt d’Geschicht vum Litti, dee guer net op seng Ëmwelt oppasst a säin Offall egal wouhi gehäit. Mat Hëllef vu senger Nopesch, dem Betti, léiert hie lues a lues wéi een nees am Aklang mat der Natur lieft, wat een alles aus Offall maache kann, respektiv wéi e säin Offall ka vermeiden. Op sengem Wee léiert de Litti wéi een den Offall richteg trennt, wou een e soll hibréngen, a wat dann aus deenen eenzelen Offäll ka gemaach ginn.
De Spektakel fënnt virun enger Video-Leinwand statt, op där een duerch animéiert Biller aus dem Buch (Mäin éischt Null Offall Buch) an d’Welt vum Betti a Litti andaucht. Dëst ass eng flott Manéier, fir dem jonke Publikum déi pedagogesch Inhalter aus dem Buch méi zougänglech ze maachen.
Dëse Spektakel ass speziell op Schoulklassen aus dem Fondamental zougeschnidden (Cycle 2 & 3). D’Stéck gëtt vun enger Schauspillerin animéiert, déi an Interaktioun mat de Kanner duerch d’Geschicht féiert an si op spilleresch Aart a Weis mam Thema vun der Offallvermeidung vertraut mécht.
En Extrait vum Stéck fannt Dir hei:
https://www.youtube.com/watch?v=vPSll6yknn4
(Betti a Litti spille mam Dreck – Ëmweltberodung)
Clever Kanner – Gemeinsam stark gegen Mobbing
Clever Kanner – Gemeinsam stark gegen Mobbing
Mobbing, Ausgrenzung und verletzende Worte können bereits im Grundschulalter eine große Belastung für Kinder darstellen. Umso wichtiger ist es, Kinder frühzeitig für einen respektvollen Umgang miteinander zu sensibilisieren und ihre sozialen und emotionalen Kompetenzen zu stärken.
Die interaktive Vorlesung von Clever Kanner richtet sich an Schülerinnen und Schüler der Zyklen 2 bis 4 der luxemburgischen Grundschule.
Während der zweistündigen Veranstaltung werden die Kinder auf altersgerechte, verständliche und lebendige Weise an die Themen Mobbing, Ausgrenzung, Respekt, Empathie, Freundschaft und Zivilcourage herangeführt.
Inhalte der Vorlesung:
- Was ist Mobbing und worin unterscheidet es sich von einem gewöhnlichen Streit?
- Welche unterschiedlichen Formen von Mobbing gibt es?
- Welche Gefühle können Ausgrenzung und verletzende Worte auslösen?
- Warum sind Respekt, Empathie und gegenseitige Unterstützung wichtig?
- Wie können Kinder reagieren, wenn sie selbst betroffen sind oder Mobbing beobachten?
- Welche Rolle spielen Vertrauen, Zusammenhalt und das Einholen von Hilfe?
Die Inhalte werden durch anschauliche Beispiele aus dem Schulalltag, altersgerechte Erklärungen, Fragen und gemeinsame Gespräche vermittelt. Die Kinder werden aktiv einbezogen und erhalten die Möglichkeit, eigene Gedanken und Erfahrungen einzubringen, ohne persönliche Erlebnisse offenlegen zu müssen.
Pädagogische Zielsetzungen:
Die Vorlesung verfolgt das Ziel, Kinder für Mobbing und seine Folgen zu sensibilisieren, ihr Einfühlungsvermögen zu fördern und ihr Selbstvertrauen zu stärken.
Die Schülerinnen und Schüler lernen, problematische Verhaltensweisen besser zu erkennen, eigene Grenzen und die Grenzen anderer zu respektieren sowie in schwierigen Situationen angemessen zu reagieren.
Ein besonderer Schwerpunkt liegt auf der Förderung von Zivilcourage und der Erkenntnis, dass jedes Kind zu einem positiven und respektvollen Klassenklima beitragen kann.
Die Veranstaltung versteht sich als präventives Bildungsangebot und unterstützt die Schulen bei der Förderung sozialer Kompetenzen, des gegenseitigen Respekts und eines wertschätzenden Miteinanders.
Escher Theater – Spectacle Maman Dragonne
Entschëllegt, et gëtt keng lëtzeboiesch Versioun vun dësem Text.
Lorsqu’elle rentre du travail, Maman devient Dragonne. Maggie en a l’habitude : elle plonge sous l’eau, dans son imagination. Là, au moins, sous l’eau, les flammes ne la brûlent pas. Elles finissent même par s’éteindre… Dans Maman Dragonne, une mère colérique et une fille culpabilisée cherchent une issue. Qu’est-ce que la colère ? La culpabilité ? Et comment se rejoindre ? Une comédienne joue le rôle de Maggie, danse et peint une fresque sous les yeux du public. L’imaginaire triomphe et la relation se répare.
Demande de réservation : Maman Dragonne – Escher Theater
Escher Theater – Spectacle Pizz’n’Zip
Entschëllegt, et gëtt keng lëtzeboiesch Versioun vun dësem Text.
Im Einklang spielen? Nicht mit diesen beiden! Zwei Musikerinnen wollen ein klassisches Konzert für Violine und Cello aufführen. Aber alles, was schiefgehen kann, geht auch schief. Sie geraten sich in die Haare, steigern sich immer weiter hinein, bis die ernsten Allüren sich in einem fröhlichen Chaos auflösen. Es wird getanzt und gesungen, und nach und nach wird klar, mit was für einer Leichtfüßigkeit und Ironie Eleonora Savini und Federica Vecchio der klassischen Musik die Schwere nehmen. In dieser skurrilen Performance gleiten wir gemeinsam durch die Töne und erleben, wie Musik uns alle zu berühren vermag.
Reservéierungs ufro: Pizz’n’Zip – Escher Theater
Escher Theater – Spectacle Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs
Räppeldéng ass d’Mëtt vun der Welt – wéinstens un dësem Owend. Nom Succès vun hirer Kreatioun Nikki Ninja & Afrobeathoven – engem Projet vum Nicole Bausch an dem Dan Tanson – sinn d’Nicole an de Pol Belardi ee Schrëtt weider gaang. Op en Neits gi si d’Bün fräi fir d’Nikki Ninja a seng Frënn wéi d’Katsuro Kaz, de Benji Bier oder d’Schwéngi Schwäin. Zesumme si si d’Wibbeldidubs – alleguerte komme si aus dem latzege Räppeldéng, an alleguerten hu si grouss Wënsch: Musek ze maachen, vill Léift an Tralala an d’Welt ze bréngen an hir Superninjakraaft ze fannen. An de Lidder, déi d’Nicole geschriwwen an de Pol komponéiert huet, ginn hir Geschichte mat vill Witz erzielt. Et ass eng Aventure voll mat musikaleschen Aflëss fir déi ganz Famill, ganz egal ob een d’Nikki Ninja scho vum éischten Album hir kennt oder net. Begleet gëtt d’Nicole um Mikro vum Tanja Duprez, an de Pol um Bass gëtt ënnerstëtzt vum Niels Engel un den Drums an dem Joe Schmitz un de Keys.
Reservéierungs ufro: Nikki Ninja & d’Wibbeldidubs – Escher Theater
GROOVE Kids – Danz dech fräi, op deng Manéier
Bei GROOVE Kids kanns du et onméiglech falsch maachen. D’Kanner brauche keng Danzerfarung a musse keng Choreografie léieren. Si däerfe sech zur Musek beweegen, Saachen ausprobéieren an erliewen: Meng Manéier, mech ze beweegen, ass richteg – och wann et bei mir anescht ausgesäit wéi bei deenen aneren.
Mir danzen zesummen zu ofwiesslungsräicher Musek. Pro Lidd ginn ech einfach Beweegunge vir, déi all Kand op seng eege Manéier gestalte kann. Schonn en „Dance Walk“, also e Goen am Rhythmus vun der Musek, bitt vill Méiglechkeeten: Wéi verännert sech d’Beweegung, wann ech grouss oder kleng Schrëtt maachen, d’Richtung wiesselen, méi déif an d’Knéie ginn oder meng Äerm anescht beweegen? Mat klore verbalen Impulser begleeden ech d’Kanner beim Entdecken a ginn hinnen Zäit, hir eegen Iddien ëmzesetzen.
D’Kanner beweege sech dobäi an engem kloren, zouverlässege Kader: Ech leeden déi gemeinsam Basisbeweegung un a gi konkret Impulser, déi hinnen Orientéierung a Sécherheet beim Ausprobéiere ginn. An dësem Kader kënne si eege Varianten entdecken an d’Beweegung individuell gestalten. Si mussen also keng Beweegungen aus dem Näischt erfannen. Genee dat bedeit „United and Unique“: Eng gemeinsam Beweegung verbënnt de Grupp a léisst gläichzäiteg all Kand de Raum, fir se op seng eege kreativ Manéier auszedrécken.
D’Kanner erliewen, datt si dozougehéiere kënnen a gläichzäiteg eenzegaarteg däerfe sinn. Jee no Altersgrupp kommen einfach Schrëttkombinatiounen dobäi, bei deenen och Plaz fir den eegenen Ausdrock bleift.
Déi fënnef GROOVE-Wourechte begleeden eis duerch d’Session:
- Wat anerer iwwer dech denken, ass net deng Saach. Du muss beim Danze kengem gefalen. Wann een deng Beweegung bewäert, bestëmmt dat net, wéi s du dech ausdrécken däerfs.
- Deng Manéier ass déi richteg Manéier. Et gëtt keng richteg oder falsch Manéier ze danzen. Du kanns et onméiglech falsch maachen an däerfs däin eegenen Ausdrock fannen.
- Keen kann et fir dech maachen. Nëmmen du kanns dech fir dech beweegen a spieren, wat dir guttdeet. Du däerfs op däi Kierper oppassen a matentscheeden, wat s du fir däi Wuelbefanne brauchs.
- Du däerfs a solls anescht ausgesinn. All Kierper beweegt sech anescht. Deng Beweegung muss net esou ausgesi wéi déi vun deenen aneren – du däerfs üben, ganz du selwer ze sinn.
- Du verstees et eréischt, wann s du et selwer ausprobéiers. Dës Gedanke ginn zu enger eegener Erfarung, wann s du se beim Danzen ëmsetz. Entdecke fänkt mam Matmaachen un.
GROOVE Kids schaaft e Kader, an deem d’Kanner hir Kierperwouernehmung, hiert Rhythmusgefill, hir Koordinatioun an hir Kreativitéit erprobe kënnen. Si treffen eegen Entscheedungen, entdecken ënnerschiddlech Beweegungsméiglechkeeten a léieren, sech selwer an anere mat Oppenheet ze begéinen. Am Mëttelpunkt stinn d’Freed un der Beweegung an d’Vertrauen an den eegenen Ausdrock.
Zum Schluss ginn d’Beweegunge méi roueg. Duerno huele mir eis e puer Minutten Zäit fir komplett Stëll. D’Kanner däerfen an enger angeneemer Positioun zur Rou kommen, hiren Otem an hire Kierper wouerhuelen an d’Session ausklénge loossen.
Musek, Uleedung an Dauer ginn un den Alter an d’Bedierfnesser vum Grupp ugepasst. D’Offer riicht sech un déi follgend Altersgruppen:
- 4–6 Joer: 30 bis maximal 45 Minutten. Spilleresch Beweegungsimpulser an uschaulech Biller hëllefen de Kanner, déi gemeinsam Beweegung ze entdecken an eege Varianten auszeprobéieren.
- 7–9 Joer: 45 bis 60 Minutten. D’Kanner erfuerschen ënnerschiddlech Richtungen, Beweegungen op verschiddenen Héichten an Ausdrocksméiglechkeeten. Einfach Schrëttkombinatiounen ergänzen déi gemeinsam Basisbeweegungen.
- 10–12 Joer: 45 bis 60 Minutten. Altersgerecht Musek a konkret Impulser invitéieren d’Kanner, eege Beweegungsiddien ze entwéckelen a sech am gemeinsame Rhythmus auszedrécken. Dobäi kréie si Zäit, Vertrauen an hir individuell Manéier ze danzen opzebauen.
Déi uginn Dauer ëmfaasst déi ganz Session, mat der Rouphas um Schluss. Déi genee Dauer schwätze mir am Viraus mat der Schoul oder der Ariichtung of.
Déi aktiv Participatioun vum Léierpersonal an de Betreiungspersounen ass ausdrécklech erwënscht. Wann déi Erwuessen selwer matmaachen, Neies ausprobéieren an hir eege Manéier ze danze weisen, encouragéiere si och d’Kanner, sech op d’Beweegung anzeloossen. Esou gëtt de Message vu GROOVE gemeinsam gelieft: Mir däerfen eis ausprobéieren, eis ënnerschiddlech beweegen an dobäi ganz mir selwer sinn.
D’Sessioune gi vum Conny Kayser geleet. Si ass zënter 2013 zertifizéiert GROOVE-Facilitatorin fir Erwuessener, Jugendlecher a Kanner an och Presenterin fir The World Groove Movement. An hirem eegene Studio an Éisträich huet si iwwer e puer Joer Kanner an Erwuessener ënnerriicht an doriwwer eraus Gruppe mat bis zu ronn 3.000 Participanten ugeleet.
Sozial, ekonomesch a kulturell Inegalitéiten verstoen
D’ONGD proposéiert verschidden Atelieren, fir Kanner aus dem Fondamental, fir d’Lycée’s Schüler a fir d’Scouten ; dobäi stäipe mir ons op d’Scoute-Method vum «Learning by doing», an dat mat pädagogeschen an theoreteschen Aktivitéiten déi d’Kreativitéit mat instruktive Spiller verbannen. Mir pochen dobäi op d’Verbonnenheet mat onse Partner aus dem Süden (Senegal, Niger, Cabo Verde) a ginn dobäi dem Austausch ënnert de Jonken eng grouss Wichtegkeet.
D’Atelieren fir d’Lycéeën kënne punktuell oder modulabel sinn ; si hunn als Thema d’Kannerrechter oder d’ODD4 (Objectif de développement 4 vun der Unesco) : den Zougank zu enger Ausbildung vu Qualitéit, den Austausch tëschent Kulturen, an d’Solidaritéit.
Ons Atelieren passen sech den Ufroe vun den Enseignantën oder Gruppechef un. Zéckt net fir ons ze kontaktéieren, a sot ons wat är Ideeën an är Wënsch sinn.