Geschicht, Brodéieren a Kreativitéit

Am Kader vun dëser thematescher Visitt mat Atelier entdecken d’Kanner d’Geschicht vum ländleche Liewen un der lëtzebuergescher Musel am 19. a fréien 20. Joerhonnert. Zesumme mat engem Muséeguide entdecken si fir d’éischt d’Sammlunge vum Musée. Duerno geet et an e kreativen Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt. Kreativitéit, kleng historesch Geheimnisser, spannend Geschichten a vill Entdeckunge stinn am Mëttelpunkt vun dësem besonneschen Erliefnes!

No enger Visitt vun ongeféier enger Stonn entdecken d’Kanner am zweeten Deel vun hirem Besuch am Musée dat traditionellt Handwierk vum Brodéieren.

An dësem Broderie-Atelier léieren d’Kanner, mat Nol a Fuedem ëmzegoen, entdecken d’Welt vun de Faarwen a trainéieren dobäi hir Genauegkeet a Feinmotorik. Ënnert der Leedung vun enger Mediatrice gestalten si e personaliséierte Bandana, op deem si hir Initialen oder en dekoratiivt Motiv brodéieren. Dat fäerdegt Wierk dierf duerno mat heem geholl ginn.

 

Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?

De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.

Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.

Geschicht, Strécken a Kreativitéit

Am Kader vun dëser thematescher Visitt mat Atelier entdecken d’Kanner d’Geschicht vum ländleche Liewen un der lëtzebuergescher Musel am 19. a fréien 20. Joerhonnert. Zesumme mat engem Muséeguide entdecken si fir d’éischt d’Sammlunge vum Musée. Duerno geet et an e kreativen Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt. Kreativitéit, kleng historesch Geheimnisser, spannend Geschichten a vill Entdeckunge stinn am Mëttelpunkt vun dësem besonneschen Erliefnes!

No enger Visitt vun ongeféier enger Stonn entdecken d’Kanner am zweeten Deel vun hirem Besuch am Musée dat traditionellt Handwierk vum Strécken. Mat Hëllef vun enger Stréckliesel a Woll gestalten d’Kanner ënnert der Leedung vun enger Mediatrice e klengt Erënnerungsstéck a Form vun engem Bracelet. Dësen ënnerhalenden Atelier bitt eng anschaulech Aféierung an dat traditionellt Handwierk vum Strécken!

 

Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?

De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.

Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.

Geschicht, Bitzen a Kreativitéit

Am Kader vun dëser thematescher Visitt mat Atelier entdecken d’Kanner d’Geschicht vum ländleche Liewen un der lëtzebuergescher Musel am 19. a fréien 20. Joerhonnert. Zesumme mat engem Muséeguide entdecken si fir d’éischt d’Sammlunge vum Musée. Duerno geet et an e kreativen Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt. Kreativitéit, kleng historesch Geheimnisser, spannend Geschichten a vill Entdeckunge stinn am Mëttelpunkt vun dësem besonneschen Erliefnes!

No enger Visitt vun ongeféier enger Stonn entdecken d’Kanner am Kader vun hirem Besuch am Musée en traditionellt Handwierk: d’Bitzen.

An dësem Bitz-Atelier erstellen d’Kanner e Patron, entdecken ënnerschiddlech Materialien a Formen a fërderen dobäi hir Feinmotorik. Ënnert der Leedung vun enger Mediatrice stellen si eng kleng Posch oder en Teddybier hier (jee no Uweisung vum Léierpersonal) an huelen hiert Wierk als Erënnerung un dëst kreatiivt Erliefnes mat heem.

 

Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?

De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.

Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.

Vun der Planz zum Objet

Bei dëser thematescher Visitt mat Atelier, entdecken d’Kanner, wéi aus Planze verschidde Géigestänn hiergestallt goufen. Am Mëttelpunkt stinn zwee Beispiller: d’Wiewe mat Fluess an Hanf souwéi d’Kuerfflechten mat Stréi a Weiderutten.

Begleet vun engem Muséeguide, entdecken d’Kanner op eng altersgerecht Aart a Weis d’Sammlunge vum Musée. Briech, Haaspel, Weidebeil – Begrëffer an Handwierksgeschier, déi haut bal net méi bekannt sinn. De Schwéierpunkt läit dorop ze weisen, wéi d’Planze mat dësem Geschier zu nëtzleche Géigestänn verschafft goufen a wéi eng Fäegkeeten zum ländlechen Alldag un der lëtzebuergescher Musel am 19. Joerhonnert gehéiert hunn.

Am zweeten Deel vun dëser Visitt mat Atelier probéieren d’Kanner wärend ongeféier enger Stonn dat traditionellt Handwierk vum Wiewe selwer aus. Mat enger klenger Wiewrumm an ënner der Uleedung vun enger Mediatrice, kënnen si hirer Kreativitéit fräie Laf loossen.

 

Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?

De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.

Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.

Am Kleederschaf vun eise Virfaren

Am éischten Deel vun dëser Visitt mat Atelier entdecken d’Kanner, begleet vun engem Muséeguide de Musée a seng Sammlungen. De Schwéierpunkt läit op der Geschicht an der Entwécklung vu Stoffer a Kleedung am 19. a fréien 20. Joerhonnert. Alldagskleedung, Naturmaterialien an d’Geschicht vum Handwierk stinn dobäi am Mëttelpunkt.

An den Ateliere vum Schneider a vum Schouster hunn d’Kanner d’Geleeënheet, d’Aarbechtsweisen an d’Geschier vun dëse Beruffer méi genee kennenzeléieren a méi iwwer hir Bedeitung am deemolegen Alldag gewuer ze ginn.

Fir ganz an d’Welt vun der Kleedung aus fréieren Zäiten anzedauchen, hunn déi jonk Visiteuren d’Méiglechkeet, historesch Kleeder unzeprobéieren an sech an den historesche Beräicher vum Musée fotograféieren ze loossen.

Am zweeten Deel vun der Féierung mat Atelier gestalten d’Kanner duerno e Kader aus Woll an Holz, an deen si hir Foto placéiere kënnen. Wärend dem Atelier ginn si vun enger Mediatrice begleet a sammelen esou vill wäertvoll Erënnerungen, déi si zesumme mat neiem historesche Wësse mat heem huelen.

 

Firwat de Besuch net mat engem leckere Miseler Iessen ofronnen?

De Musée « A Possen » bitt zesumme mam Restaurant « Wäistuff Possenhaus » , deen direkt nieft dem Musée läit, en ofwiesslungsräicht Erliefnes. Sou kënnt Dir Äre Besuch bei engem gemittlechen Iessen ausklénge loossen, dat och op de Goût vun de Kanner ofgestëmmt ass.

Méi Informatiounen iwwer d’Menüen an d’Tariffer sinn op Ufro beim Musée am Viraus verfügbar.

Zeechne mat der Sonn – Cyanotypie-Workshop

D’Schülerinnen a Schüler entdecken, wéi si mat der Cyanotypie-Technik en originellt, monochromt blot Konschtwierk schafe kënnen, just mathëllef vum Sonneliicht oder UV-Luuchten. Et handelt sech hei ëm e Fotogramm (also eng Foto, déi ouni Kamera gemaach gëtt), deen duerch de Schiet vun engem Objet op liichtempfindlechem Pabeier entsteet. D’Participanten experimentéiere mat verschiddene Kompositiounen an huelen hir eege Wierker mat heem.

Portraitsfotoen an alle Formen

E kënstlereschte Portrait ass vill méi wéi nëmmen eng Passfoto: En erzielt eng Geschicht. Dësen Atelier iwwer  Portraitsfotoe wëll d’Schüler.innen am Prozess vun der Kreatioun vun hirem eegene Portrait begleeden: Kompositioun, Opstellung, Beliichtung, Perspektiv vu vir, vun hannen, am stoen oder am sëtzen, am Studio oder an enger natierlecher Ëmwelt… D’Schüler.innen léieren all d’Geheimnisser, fir e fotografesche Portrait, dee si wierklech duerstellt, ze realiséieren.

F ewéi Foto

An dësem Atelier kënnen d’Schüler.innen hir eege Fotosausstellung op Basis vum Alphabet kreéieren. Nodeems si gemeinsam fir déi 26 Buschtawe vum Alphabet e Wuert ausgewielt hunn, sichen si no Leit, Géigestänn a Situatiounen, déi déi gewielte Wierder op eng kreativ, spilleresch a poetesch Manéier duerstellen. Duerch d’Lëns vum Fotoapparat entdecke si hir Ëmwelt nei an experimentéiere mat Perspektiven a Bildkompositiounstechniken. Hir fotografesch Interpretatioune vun de Buschtawe kënnen duerch Texter a/oder Zeechnungen ergänzt ginn, jee no Sensibilitéit an Imaginatioun vun de Participanten.

E Bléck hanner d’Kulisse vum CNA

D’Klassen entdecken, wat sech hannert den Diere vum CNA verstoppt. D’Schüler.inne besichen déi technesch Ariichtungen, d’Studioen an d’Archiven vum CNA. Si léieren déi vill verschidde Beruffssméiglechkeeten am audiovisuellen an am kulturelle Secteur kennen. Si gi sensibiliséiert iwwer d’Wichtegkeet vum kollektive Gediechtnes an dem Erhale vum audiovisuelle Kulturierwe vu Lëtzebuerg.

D’Visitte ginn altersgerecht konzipéiert. D’Theeme vun der Visitt kënnen un d’Interessie vun de Klassen ugepasst ginn: Fotografie, Film, Archiv, Beruffer, asw.

Faces in Places

D’Fassade vun de Haiser an d’Stroossemiwwel kommen zum Liewen ënnert den Ae vun de Schüler.innen! An dësem Atelier entdecken si d’Stad Diddeleng nei a sichen no verstoppte Gesiichter am Staddekor. Duerch d’Lëns vun der Kamera loosse si hirer Fantasie fräie Lafen an entwéckele Virwëtz a Kreativitéit. D’Resultat ass eng originell Gruppenausstellung, déi si mat hirer Schoulgemeinschaft deele kënnen.