Am Bësch aktiv – Sënneserfahrungen an der Natur

 De Bësch bitt eng Villfalt u Geräischer, Gerécher, Faarwen, Formen a Strukturen, déi d’Kanner mat alle Sënner entdecke kënnen. Duerch gezielt Aktivitéite ginn si invitéiert, hir Ëmwelt méi bewosst wouerzehuelen, genee nozelauschteren, ze spieren, ze richen an Detailer ze entdecken, déi am Alldag dacks onbemierkt bleiwen.

Spilleresch Sënnesaufgaben, kleng Sichopträg an Experimenter mat Naturmaterialie fërderen d’Wouerhuelen, d’Konzentratioun an d’Opmierksamkeet. Gläichzäiteg entsteet en direkten a perséinleche Bezuch zur Natur. D’Kanner léieren, hir Andréck ze beschreiwen, mateneen ze vergläichen an hir Ëmwelt aus verschiddene Perspektiven ze erliewen.

D’Inhalter ginn dem Alter, dem Entwécklungsstand an de Besoine vun der Klass ugepasst a kënnen och mat anere Léierberäicher oder Schoulprojete verbonne ginn.

Zilgrupp: Cycle 1–4
Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
Dauer: Variabel, mindestens 3 Stonnen; eemoleg oder als Serie vu méi Atelieren

Remarque: Kombinéierbar mat aneren Themen

Solar- a Waasseraktivitéiten

Wat kann d’Sonn oder d’Waasser fir eis maachen? Wéi kënne mir d‘Kraaft/Energie vun der Sonn oder dem Waasser an eisem Alldag notzen? Unhand vun Experimenter kucke mir, wéi een Impakt d’Sonn oder d’Waasser op eist Liewen huet. Jee nodeems wéi d’Wieder den Dag selwer ass, dréinen sech d’Aktivitéiten haaptsächlech ëm d’Sonn oder d’Waasser.

Déi verschidde Joerszäiten entdecken

Wat gëtt d’Natur eis an deene verschiddene Joreszäiten hir? Jee no Saison ginn ënnerschiddlech Atelieren ugebueden.
Ënner anerem gëtt um Feier gekacht, geschnëtzt, d’Natur entdeckt oder mat Naturmaterialie gebastelt. Dës Aktivitéit kann un de Schoulprogramm ugepasst ginn.