Am Bësch aktiv – Fokus op Beweegung

De Bësch bitt villfälteg Méiglechkeeten, fir Beweegung op eng natierlech, spilleresch a motivéierend Aart a Weis ze erliewen. Beim Klammen, Balancéieren, Sprangen, Lafen an anere Beweegungsaufgabe bzw. -spiller setzen d’Kanner sech aktiv mat hirer Ëmwelt auserneen a maachen dobäi wichteg motoresch a sensoresch Erfahrungen.

Am Mëttelpunkt steet d’Freed un der Beweegung. Gläichzäiteg ginn d’Koordinatioun, d’Gläichgewiicht, d’Kierperwouernehmung an d’Sécherheet an den eegene Bewegungen gefërdert. Gemeinsam Spiller & Erausfuerderungen ënnerstëtzen zousätzlech d’Kooperatioun an de sozialen Austausch an der Grupp.

D’Aktivitéite ginn dem Alter, dem Entwécklungsstand an de Besoine vun der Klass ugepasst a kënnen esou fir all Cycle passend gestalt ginn.

WibS – Projet

De WibS-Projet bréngt vill Beweegung, Spaass an nei Iddien an är Schoul.
Mir komme 4 Deeg moies an d’Schoul a bidden zesumme mam Enseignant follgend Aktivitéiten un:

WibS-BIKE (C1)

Eng Stonn voller Beweegung a Spaass an der Turnhal. Mat de Lafrieder léieren d’Kanner sech ze beweegen, d’Gläichgewiicht ze fannen an hir Koordinatioun ze verbesseren.

 

WibS-CHECK (C2-4)

Eng Batterie vu spillereschen Tester, déi weisen, wéi fit d’Kanner am Moment sinn. Hei gi motoresch Basiskompetenzen gekuckt – wéi Ausdauer, Gläichgewiicht, Koordinatioun, Schnellegkeet, Ballgeschéck oder Sprongkraft – mee och d’Kooperatioun an der Klass. D’Resultater ginn dem Enseignant eng kloer a praktesch Réckmeldung, fir d’Entwécklung vun de Kanner besser ze begleeden.

 

WibS-BOOSTER (fir d’ganz Schoul)

Wärend dem Projet kritt déi ganz Schoul e Beweegungs-Booster zur Verfügung gestallt: eng Sammlung vu villfältege Beweegungsiddien, Material fir sech ze beweegen a Beweegungschallengen, déi d’Kanner motivéieren an der Schoul den Impuls ginn, Beweegung och ausserhalb vum Projet ze fërderen.

Alles an engem Projet!

Playfully

Dësen Atelier bitt eng spannend 360° Kierperrees mat Beweegungen aus der Welt vum Danzen, aus der Welt vun der Kampfkonscht an dem Animal Flow déi de Kanner erméiglecht hir Motorik a Kierperdynamiken ze entdecken an ze entwéckelen. Duerch natierlech Beweegungen, Reflexer, kreativ Koordinatiouns- a Mobilitéitsspiller, erliewen d’Kanner den Danzkierper an all senger Villfältegkeet. Verschidde kreativ Übunge gi gewisen, déi och am Alldag kënne gemaach ginn, fir sech besser ze spieren an nei kreativ Iddien ze entwéckelen.

D’Zil vun dësem Atelier ass et eis Orientéierung am Raum ze verbesseren, op eisen Instinkt ze lauschteren an dësem ze vertrauen. Mir léieren Signaler aus eisem Banneschten ze erkennen, op des ze lauschteren, a se gläichzäiteg positiv ze fërderen. De Fokus ass de Léier- an Experimentéierungsprozess ze genéissen, ouni sech dobäi op e bestëmmt Resultat oder sos festgeluechten Erwaardungen ze fixéieren.
Mir ginn eisen Impulser no a loossen eis fräi vun der Beweegung féieren. Duerch dës Praxis verbanne mir eis ëmmer erëm bewosst mat eisem Kierper a bauen no an no e méi grousst Kierperbewosstsinn op.
Am Kader vun dësem Atelier entdecke mir och den „eidele“ wéi och den „oppene“ Raum. Mir trëppelen duerch dëse Raum, beweegen eis bewosst an entwéckelen sou een nuancéiert Raumgefill. Och am Chaos kënne mir eis Plaz an och eis Rou fannen.

Konkret besteet déi Offer aus:

° Kreativ Beweegungssequenzen opbauen
° Muskulaturübungen fir déi ganzheetlech Stäerkung
° Reflexspiller
° 360° Kierperbewosstsinn entwéckelen
° Reaktivitéit verbesseren