De Virliesconcours riicht sech u Schülerinnen a Schüler aus dem Cycle 4. Et geet drëm, datt d’Kanner en Extrait aus engem Kanner- oder Jugendbuch virliesen. E fängt an der Klass un an hält Joer mat enger nationaler Finall op.
D’Kanner siche sech 2 Sproochen eraus, an deene si gär virliesen:
- eng éischt Sprooch (Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch), déi d’Kand als seng stäerkste Virliessprooch ugesäit;
- eng zweet Sprooch (Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch oder Englesch), an där d’Kand och gär virliest.
Englesch kann net als éischt Sprooch genannt ginn, well et net iwwerall an der Grondschoul eng Schoulsprooch ass.
An der Broschür zum Virliesconcours fënnt een de geneen Detail zum Oflaf vum Concours. Ab Enn September kann een se hei Site eroflueden.
Umeldung vun der Schoulgewënnerin oder dem Schoulgewënner duerch den Enseignant respektiv de Schoulbibliothecaire ass bis spéitstens den 5. Februar 2027 méiglech. Zousätzlech Erklärunge zur Aschreiwung fënnt een an der Brochür oder hei ënnen bei de Konditiounen.
E Réckbléck op de leschte Virliesconcours gëtt et hei.