Am Bësch aktiv – Kreativitéit an der Natur

De Bësch ass net nëmmen e Raum fir Beweegung an Entdeckung, mee och eng grouss Inspiratiounsquell fir kreativ Prozesser. Mat Blieder, Äscht, Steng, Schuel, Buedem an anere Naturmaterialie gestalten d’Kanner eege Wierker, bauen, experimentéieren a setzen hir Iddien direkt an der Natur ëm.

Dobäi steet net dat „perfekt Resultat“ am Mëttelpunkt, mee de kreative Prozess: observéieren, ausprobéieren, veränneren an nei Léisunge fannen. D’Aktivitéite fërderen d’Fantasie, d’Feinmotorik, d’Wouernehmung an den eegene kreativen Ausdrock. Gläichzäiteg léieren d’Kanner d’Naturmaterialien an hir Ëmwelt bewosst a respektvoll kennen.

D’Inhalter ginn dem Alter, dem Entwécklungsstand an de Besoine vun der Klass ugepasst a kënnen individuell un d’Themen oder Projeten aus dem Schoulalldag ugeknäppt ginn.

Zilgrupp: Cycle 1–4
Duerchféierung: Mobil duerch ganz Lëtzebuerg
Dauer: variabel (min. 3h) eemoleg oder méi oft
Remarque: kombinéierbar mat aneren Themen

Dash Live Challenge

Dir schafft am Cycle 3 an hutt Loscht, mat Äre Kanner den DASH Roboter ze entdecken a flott Missiounen zesummen ze kodéieren? Da sidd Dir hei genee richteg, a keng Angscht, Dir braucht och keng Erfarung am Kodéieren ze hunn. Dofir gëtt Iech am Ufank vum Schouljoer eng Formation continue ugebueden.

Hautdesdaags ass et essentiel, datt all Schüler d’Méiglechkeet kritt, d’Basiskonzepter vun der Informatik ze verstoen a se ze benotzen, fir Problemer ze léisen. Eng Robotik-Aktivitéit entwéckelt Fäegkeeten am logeschen Denken, Problemléisen, Teamwork a am Beräich vun der Kreativitéit. Et sinn dës interdisziplinär Fäegkeeten, déi och zentral an de Beräicher Mathematik, Naturwëssenschaften, Sproochen, asw. sinn.

Wärend der Challenge entdecken d‘Kanner den DASH Roboter, seng villfälteg Funktiounen, maachen éischt Schrëtt an der block-baséierter Kodéiersprooch a léisen am Team erausfuerderend Challengen op eng kreativ Aart a Weis.

Mat e bësse Geschéck qualifizéiert Är Klass sech fir déi grouss Finall, wou Är Kanner d’Méiglechkeet gebuede kréien, hire Roboter an hir Kodéier-Fäegkeeten engem breede Public virzestellen.